
An deem Kader sicht d’Police elo no Zeien. Um Weekend vum 25. op de 27. Mee gouf zu Wuelessen d’Bushaischen “Akescht” beschiedegt. Tëscht Méindeg an Dënschdeg (27. bis 28. Mee) gouf dunn eng Poubelle vum Busarrêt “Schinker” bei Holztem erofgerappt an op den Daach vum Bushaische geheit.
Den 28. Mee, also direkt den Dag drop, goufen du Beschiedegungen u enger Bänk zu Rouderssen beim Houserbierg entdeckt. Den 30. Mee gouf du schliisslech och nach festgestallt, datt um Busarrêt “Gemönnerbreck” ee Potto an ee Schëld aus dem Buedem gerappt gi waren.
Wien an deem Kader Observatioune gemaach huet oder sos hëllefräich Informatioune ka liwweren, ass gebieden, sech beim Policebüro Ourdall ze mellen, dat ënnert der Nummer (+352) 244 83 1000 oder per E-Mail u police.ourdall@police.etat.lu.
Virun e puer Deeg hat er eréischt een Zeienopruff ginn, nodeems tëscht Boxer a Rëmeljen e Bushaischen vandaliséiert gouf.