Affer liewensgeféierlech blesséiertPolice sicht no Messerpickerei zu Iechternach no Zeien

RTL Lëtzebuerg
E Freideg den Owend koum et zu Iechternach op der Maartplaz zu enger Messerpickerei, bei där eng Persoun liewensgeféierlech blesséiert gouf.

De Virfall war géint 22.30 Auer. Ee presuméierten Täter konnt kuerz no der Dot ermëttelt a festgeholl ginn. Hien ass den Ament an Untersuchungshaft.

D’Police sicht an dem Kader awer weiderhin no Zeien. Wien Hiweiser zu der Dot ka ginn, gëtt gebieden, sech per E-Mail (spj.ip-info@police.etat.lu) bei der Kriminalpolice (SPJ - Criminalité contre les personnes) ze mellen.

RTL-News: Schwéierblesséierte bei Messerpickerei zu Iechternach

Back to Top
CIM LOGO