Zu Zolwer a MierschPolice sicht no Motorradsaccident a Saachbeschiedegung mat Farerflucht no Zeien

RTL Lëtzebuerg
Leschte Mëttwoch koum et kuerz virun 22 Auer an der Déifferdengerstrooss zu Zolwer zu engem schwéieren Accident tëschent engem Motorrad an engem Auto.
© RTL-Grafik

De Motorradsfuerer a seng Bäifuererin goufen dobäi schwéier blesséiert.

An dësem Kontext sicht d’Police elo no méiglechen Zeien, déi sech beim Déifferdenger Policebüro melle sollen. Dat op der Nummer (+352) 244 53 1000 oder per Mail un Police.DIFFERDANGE@police.etat.lu.

Blannebengel beschiedegt a sech duerch d’Bascht gemaach

E weideren Zeienopruff huet d’Police ronderëm e Virfall vum Sonndeg den 9. Juni zu Miersch lancéiert. Tëschent 12.45 Auer an 13 Auer huet op engem Parking op der Héicht vun der Place Saint-Michel en Automobilist bei Erausfueren de Blannebengel vun enger Fra beschiedegt. Amplaz sech ëm den entstanene Schued ze këmmeren, ass hie weidergefuer. D’Police ass an dësem Zesummenhang op der Sich no enger Zeien, déi d’Affer kuerz duerno ugeschwat huet.

Déi betraffe Persoun soll sech beim Mierscher Policebüro ënnert der Nummer (+352) 244 90 1000 oder per Mail u police.mersch@police.etat.lu mellen.

Back to Top
CIM LOGO