Chauffer war aus Piaggio geschleidert ginnPolice sicht no Zeien no Accident op Areler A6

RTL Lëtzebuerg
Den 13. Juli géint 9.45 Auer war et op der Areler Autobunn a Richtung Arel zu engem uergen Accident komm.
© RTL Archivbild

De Chauffer vun enger Piaggio APE Classic 500 war op der Héicht vu Stroossen op d’Fuerbunn geschleidert ginn. Hie gouf uerg verwonnt. En aneren Auto hat dat dräiriederegt Gefier vun hannen ze pake kritt.

D’Police lancéiert lo en Zeienopruff

Wien Informatiounen iwwer d’Faart vum Piaggio huet oder matkritt huet, wéi et zum Accident koum, soll sech bei der Police um Nummer (+352) 244 17 5200 oder per E-Mail op UPR@police.etat.lu mellen.

Back to Top
CIM LOGO