BounewegPolice sicht no Zeien no engem Brand an engem Café

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Samschdeg, de 16. Juli hat e Gebai zu Bouneweg op der Kräizung Rue Irmine a Rue du Parc gebrannt.
© Domingos Oliveira (Archiv)

An dësem Zesummenhang sicht d’Police elo no Zeien, ënner anerem déi Persounen, déi de Bewunner vum Haus gehollef haten, aus dem Gebai, wat gebrannt huet, erauszekommen.

All d’Informatiounen zum Brand oder de Leit, déi gehollef hunn, si fir de “Service de Police Judiciaire - Section Enquêtes Spécialisées” ënnert der Nummer (+352) 244 60 6000 oder per E-Mail un spj.es[@]police.etat.lu.

RTL-News: Ee Blesséierte bei Brand zu Bouneweg, 45 Pompjeeë waren am Asaz

Back to Top
CIM LOGO