Froen no BancomatskaartPolice warnt viru falsche Bank- respektiv Policebeamten

RTL Lëtzebuerg
Der Police gouf an deene leschten Deeg ee puer Mol gemellt, datt Leit vu presuméierte Mataarbechter vun enger Bank kontaktéiert goufen.
© RTL Archivbild

Dës hätten hinnen erkläert, et wier eng gréisser Zomm mat hirer Bancomatskaart opgehuewe ginn. Dowéinst misste Mataarbechter vun der Bank oder Policebeamten d’Kaart siche kommen an de PIN iwwerpréiwen.

D’Police erënnert dorunner, datt weder Banken nach Administratiounen d’Leit opfuerderen, frieme Persoune hir Kaarten oder Zougangsdonnéeën ze ginn. Zudeem schwätzen all d’Policebeamte fléissend Lëtzebuergesch a kënne sech ausweisen. Wann een en Doute hätt, soll een den 113 uruffen.

Bedruch: Nees falsch Polizisten ënnerwee: Wéi erkennt een déi richteg Beamten?

Back to Top
CIM LOGO