
Dat sot den Direkter vun der Handwierkerkammer Tom Wirion e Samschdeg de Mëtteg am RTL-Interview, no der Annonce vum Statec lescht Woch, dass d’Inflatioun dëst Joer méi héich wäert ausfale wéi erwaart. Am Handwierk hätt een eng Präisexplosioun op 3 Fronten: op der Energie, op de Matières premières an och beim Personal. D’Ausbezuele vun direkt e puer Indextranchen nächst Joer, wéi et vu verschiddene Säite gefuerdert gëtt, wier dann och schwiereg fir d’Handwierk, well et e ganz aarbechtsintensive Secteur wier, esou den Tom Wirion. Fir déi nächst Tripartite hofft hien deemno, dass alleguer d’Acteure mat engem oppene Geescht an d’Diskussiounen eraginn.
RTL-NEWS: Deierecht an Ausbezuele vum Index suerge fir vill Diskussiounen a Reaktiounen