Konsumenteschutz Präishausse beim Sidec wier "onverhältnesméisseg", sou ULC

RTL Lëtzebuerg
Dass sech mat Dreck Geld verdénge léisst, ass net nei. Mee mat dëser extremer Präishausse beim Sidec erreecht dat eng komplett nei Dimensioun.

Dat kritiséiert de Konsumenteschutz um Dënschdeg an engem Communiqué.

Réckwierkend op den 1. Juli huet de Syndicat intercommunal pour la Gestion des Déchets seng Präisser op ee Schlag ëm 60 Prozent erhéicht. 45 Gemenge mat am ganzen 140.000 Bierger am Norde vum Land sinn dovunner betraff.

Dat wier onverhältnesméisseg an dat kéint een esou net acceptéieren, sou d’ULC. De Sidec géing d’Hausse vun den Energiepräisser, d’Inflatioun an héich Defiziter aus de leschte Joren dofir verantwortlech maachen. Allerdéngs kéint een déi Zuelen net iwwerpréiwen, well de Sidec zanter 2021 kee Bilan méi verëffentlecht huet. Donieft géing et och net stëmmen, dass de Sidec zanter 2015 d’Präisser net méi gehéicht hätt. Déi gro Poubellë géingen nämlech zanter 2020 just nach all zwou Wochen eidel gemaach ginn an net méi all Woch. Dat wier eng verstoppte Präiserhéijung, sou de Konsumenteschutz. D’Fuerderunge vun der ULC si méi Transparenz, een onofhängegen Audit, eng Präiserhéijung an Etappen an deemno wéi, dass ee seng Suen zeréckkritt.

Back to Top
CIM LOGO