Ma déi Konkurrenz ass disproportionéiert, krute mir am Kader vun eiser Serie «Perspektiv Handwierk?» vu verschiddene Säite gesot. D’Monica Camposeo huet e Familljebetrib besicht, deen zanter 40 Joer schonn ausbilt a besonnesch betraff ass.De Jos Becker:
“An deene 40 Joer hu mir kee behalen», seet de Jos Becker, Proprietär vun enger Bamschoul. Et wier mol net de Leit ze veriwwelen, all Mënsch géing et warscheinlech esou maachen. Ma als Privatbetrib géing ee vis-à-vis vum Staat an de Gemengen net nokommen.”
D’Nicole Becker, och Besëtzer vun der Bamschoul, gesäit dat als Feeler am System, fir de Privatbetriber souzesoen d’Leit ewech ze huelen. D’Privatbetriber wieren déi, déi de Motor um Lafen halen. D’Nicole an de Jos Becker hunn d’Bamschoul vun hiren Elteren iwwerholl. Den Ament wier ee, wat d’Personal ugeet zwar gutt opgestallt, och wa fäerdeg ausgebilte Landschaftsgäertner schwéier ze fanne sinn. Et hätt een awer gutt Quereinsteiger am Betrib, déi héich motivéiert matschaffen.
Ee Léierbouf, dee seng Ausbildung ofgeschloss huet, ass dann och bliwwen. Zwee weider Léierbouwe sinn an hirem leschte Joer. Et wéilt een et ëmmer weider probéieren, fir selwer auszebilden. Ma och ënnert den Apprentië spillt d’Thema vum ëffentlechen oder private Secteur eng Roll.
Beim Ronny Marx, engem Léierbouf vun der Bamschoul an der Klass, schaffe vun 11 Leit 9 bei enger Gemeng.
De Ben Stock, dee vun engem anere Patron an d’Bamschoul gewiesselt ass, wéilt fir den Ufank op jidder Fall am Privatbetrib bleiwen. Spéider kéint d’Iwwerleeung awer kommen, fir op eng Gemeng ze wiesselen.
Een Haaptfacteur an där Problematik ass déi grouss Penurie am Handwierk.
Dowéinst wëll een d’Formatioun beim Staat och ausbauen. Ma fir herno iwwerholl ze ginn, gëlle kloer Virschrëften. All fräi Plaz gëtt um Site GovJob ausgeschriwwen, esou d’Direktioun vum Rekrutementsservice vum Zentralstaat:
D’Anne Tescher, Directrice adjointe vum CGPO:
“Wann d’Verwaltung en Apprenti wëll halen, muss se e fräie Posten hunn. An dat géing iwwert déi zentral Prozedur beim Staat an iwwert de Numerus Clausus lafen. Ausserdeem muss een e budgetäre Posten accordéiert kréien. Wéi all anere Poste géing deen dann ausgeschriwwe ginn. Déi Persoun, déi den Apprentissage ofgeschloss huet, postuléiert dorop mam Diplom a kënnt an déi klassesch Selektioun, wéi bei all anere Posten och.”
Wat déi kommunal Plazen ugeet, wollt de Gemengesyndicat Syvicol op Nofro näischt dozou soen. D’Penurie an de Grëff kréien, ass fir de Jos an d’Nicole Becker eng Hoffnung fir d’Zukunft:
De Jos Becker, Proprietär vun der Bamschoul:
“Wann dat sech nämlech géing änneren an den ëffentleche Secteur méi gesiedegt wier, kéint et besser goen. Eng aner Méiglechkeet ass dem Jos Becker no, wann déi nämmlecht Aarbecht bei de Gemenge mat manner qualifizéiertem Personal kéint gemaach ginn. ‘Ech gesinn och alt mol qualifizéiert Gäertner, déi net onbedéngt qualifizéiert Aarbechten maachen op der Gemeng’.”
Déi Leit géinge net just dem Betrib, mee och dem Beruff verluer goen.
Perspektiv Handwierk? - Deel 1Perspektiv Handwierk? - Deel 2