9. Editioun vun de Psychos-DeegPsychesch Stéierunge sinn dacks nach ëmmer stigmatiséiert

Samantha Weber
Iwwer 6.000 Leit zu Lëtzebuerg leiden un enger Psychos. D'Associatioun fir Famille mat Betraffene mécht all Joer op déi spezifesch Problemer opmierksam.
© RTL Archiv

Psychose wieren nach ëmmer vill stigmatiséiert, et bräicht eng besser psychiatresch Betreiung an et géing dacks um néidege Suivi feelen - esou de Constat vu véier Invitéen an eiser Emissioun “Background am Gespréich” am Januar zejoert, bei där och d’Vize-Presidentin a Grënnerin vun der “Association des Familles ayant un proche atteint de Psychose au Luxembourg asbl” (AFPL) dobäi war.

D’Associatioun, déi 2017 vum Eric Krebs a Mady Juchem gegrënnt gouf, organiséiert all Joer am Mäerz d’"Journées de la Psychose au Luxembourg”, fir op déi spezifesch Problemer vun der Psychos opmierksam ze maachen. Nodeems beim Bouf vun der Mady Juchem Schizophrenie diagnostizéiert gouf, huet si d’Problemer erlieft, déi eng Persoun mat där Krankheet am Alldag huet. Séier huet si gemierkt, datt d’Ënnerstëtzung bei Psychos ze wënschen iwwereg géing loossen an datt et dacks u Wësse feelt. Dat souwuel fir sech selwer wéi och fir Famillen ënner änlechen Ëmstänn. Aus deem Grond huet si zesumme mat aacht weidere Memberen, déi och aus betraffene Famille kommen, d’AFPL gegrënnt.

Zil vun der Associatioun ass et, d’Bewosstsi fir dës Krankheet ze stäerken an nëtzlech Informatioune fir Famille mat psychoserkrankte Patienten zur Verfügung ze stellen an ze verbesseren. Dat ënnert anerem duerch d’"Journées de la Psychose au Luxembourg”. All Joer organiséiert d’AFPL an deem Kontext iwwer 3 bis 4 Deeg Konferenze mat Experten. Dëst Joer gëtt déi 9. Editioun vun de Psychos-Deeg vum 18. bis den 20 Mäerz organiséiert. Ënnert anerem huet d’Asbl Liewen Dobaussen en Dënschdeg hire Service “Suivi Ambulatoire” virgestallt. De Psychiater Dr. Jim van Os huet iwwerdeem e Mëttwoch den Owend eng Videokonferenz iwwer d’Theema “Schizophrenie an d’Zukunft vun der Psychiatrie nei iwwerdenken” gehal an en Donneschdeg den Owend kläert de Mike Schwebag, Médiateur de la Santé a Jurist, am Drescherhaus zu Dummeldeng iwwer d’Rechter an d’Flichte vum Patient op.

Mä wat ass eigentlech eng Psychos?

Fréier éischter e Grondbegrëff an der Psychiatrie, dee fir all Aarte vu psycheschen Erkrankunge stoung, definéiert de Begrëff Psychos haut e Komplex vu Symptomer wéi Halluzinatiounen, Wan, Realitéitsverloscht oder Ech-Stéierungen. Dorënner dacks Schizophrenie, bipolar Psychosen oder schwéier Depressiounen.

Ufälleg fir Psychose si Mënsche mat Traumaen, fréien Entwécklungsstéierungen, familiäre Virgeschichten oder enger Blessur oder schwéierer Infektioun vum Gehier. Och wann eng Psychos beonrouegend ass, géingen déi meescht Leit et awer packen, sech vun hir z’erhuelen, wéi d’AFPL op hirem Site schreift. An der Reegel géing et fënnef Etappe bei Psychose ginn, déi vun der éischter psychotescher Erfarung bis zum Zäitpunkt, un deem Betraffener geléiert hunn, domat ëmzegoen, ginn. De Verlaf an d’Reconvalescence géinge sech der Associatioun no am beschten als Prozess beschreiwen, an deem betraffe Patiente lues a lues d’Kontroll iwwer hiert Liewe kréien.

Méi Informatiounen zur Psychos fannt Dir um Site vun der AFPL.

Back to Top
CIM LOGO