Mental Gesondheet nach ëmmer net gläichgestallt mat physescher Gesondheet
E Samschdeg goung et an der Emissioun Background am Gespréich um Radio ëm déi mental Gesondheet.
Déi mental Gesondheet wier nach ëmmer net gläichgestallt mat der physescher Gesondheet a dat misst sech änneren. Dëse Constat hunn déi 4 Invitéen e Samschdeg an eiser Emissioun Background am Gespréich gemaach.
Ugefaange beim Remboursement. Wann ee géing Lafe goen a sech de Fouss verstaucht, géing een duerno zu 88 % vun der CNS rembourséiert ginn. Wann een awer eng Depressioun hätt, géing et deier ginn, erkläert den Dokter Fränz D'Onghia, Psychologue bei der Ligue Luxembourgeoise d'Hygiène mentale. Wann een also ee psychesche Problem huet, misst ee méi déif an d'Täsch gräifen. D'Patiente géingen den nämmlechten Remboursement verdéngen, egal ob de Problem psychesch oder physesch wier. Dobäi kéim, datt Leit ouni Revenue oder ouni genuch Suen bal keen Zougang zu Psychotherapie hunn, bedauert d'Corinne Lahure Assistante social am Senioreberäich. Den Tiers payant social géing just bei normalen Dokteschrechnunge spillen. Déi Leit kéinten awer keng 150 Euro virstrecken, fir an eng Psychotherapie ze goen.
Laang Waardelëschten
E grousse Problem wier och d'Accessibilitéit op psychesch Soinen. D'Strukture sinn iwwerfëllt an et ginn zum Deel extrem laang Waardelëschten. Dat léich ënner anerem och dorunner, datt d'Better an der Psychiatrie erofgeschrauft goufen, bedauert d'Mady Juchem, Vize-Presidentin vun der AFPL, der Association des familles ayant un proche atteint d'une psychose.
Wann e Kand mat Schwieregkeeten 12 Méint muss waarden fir e Rendezvous mat engem Pedopsychiater, wier dat extrem problematesch, seet och de Fabrice Mousel, Assistant social an der Jugendpsychiatrie am Spidol um Kierchbierg.
Leit am Norden hunn eng manner gutt psychesch Gesondheetsversuergung
Regional géingen et an der medezinescher Offer och grouss Ënnerscheeder ginn, kritiséiert den Dokter Fränz D'Onghia. De Psycholog berifft sech op Etuden vun 2020/21 an deene festgestallt gouf, datt 11 Prozent vun der Populatioun net déi néideg medezinesch Soinen kruten, déi se gebrauch hätten. An engem Fënneftel vun dëse Fäll wier et ëm mental Gesondheet gaangen. Donieft wier et och esou dass Leit déi am héijen Norden géinge wunnen, wéi zum Beispill zu Wolz, net déi selwecht Chancen op Behandlung hätten ewéi am Süden oder am Zentrum.
Stigmatiséierung nach ëmmer e grousse Problem
D'Stigmatiséierung vun zum Beispill Depressiounen oder anere Psychose wier heiansdo extrem. Dat hunn all d'Invitéen ënnerstrach. D'Virurteeler hätten zum Deel och domat ze dinn, datt net genuch an net oppe genuch iwwert Problemer mat der mentaler Gesondheet geschwat gëtt. Kee Mënsch wier sécher, net iergendwann Problemer mat der mentaler Gesondheet ze kréien. Dat kéint eng Liewenskrise sinn oder eng Krankheet. Et kéint och all Alter an all Schicht treffen, warnt d'Corinne Lahure. Et géif dacks u Sensibilitéit feelen och am Gesondheetssecteur selwer an de Problem géif méi gekuckt ginn wéi de Mënsch selwer, huet si bedauert. Dat wichtegst Mëttel géint déi Stigmatiséierung wier dem Dokter. Fränz D'Onghia no, datt d'Leit informéiert sinn a ginn.
Et feelt un dem néidege Suivi
An de leschte Joren wier vill an d'Preventioun investéiert ginn, mee punkto Strukturen an punkto Suivi wier vill Sputt no uewen. Wann d'Leit bis eng Plaz an enger Psychiatrie hätten, dann misst een och direkt un déi Zäit "duerno" denken an dës Transitioun assuréieren. Dacks wier eng Persoun e puer Wochen am Spidol an wa se dann entlooss gëtt, géing méintelaang näischt geschéien. An dat wier extrem problematesch, gëtt den Dokter D'Onghia ze bedenken. Dat wieren nämlech ganz kriddeleg a kritesch Situatiounen, wou och Suicidë méi heefeg wieren, well d'Transitiounen vum Milieu hospitalier an de Milieu baussent dem Spidol net gutt gemaach wieren. D'Prise en charge vum extrahospitalier misst schonn am Spidol ugoen an dann ouni Lach weidergefouert ginn.
Och d'Mady Juchem huet de Problem mat hirem Jong matgemaach, den ënnert Schizophrenie leit. Et géing een entlooss ginn aus dem Spidol mat enger Këscht Pëllen an der Hoffnung, datt déi och geholl ginn, mee am normale stressegen Alldag wier dat alles anescht wéi evident, kritiséiert déi engagéiert Vize-Presidentin vun der AFPL.
Eeler Leit sinn dacks eleng an ouni Hëllef
Grad an der Pandemie hunn déi Jonk an déi eeler Leit an eiser Gesellschaft gelidden. D'Pandemie hätt d'Problemer vu Senioren méi gewisen, well méi driwwer geschwat gouf, erkläert d'Corinne Lahure. De Problem bei eelere Leit wier, datt et eng Generatioun wier, déi net d'Gewunnecht huet, bei Psychologen ze goen an Traumaen zum Beispill vum Krich opzeschaffen. Mat der Assurance Dépendance hätt een awer d'Méiglechkeet, datt Psychologe bei Leit heem ginn, fir mat hinnen ze schwätzen. Dat wier e grousse Virdeel, mee leider just méiglech fir déi Leit, déi eng Assurance Dépendance hunn. Fir all déi aner bräicht et och Méiglechkeeten, fuerdert d'Corinne Lahure.
Fuerderunge fir eng besser psychiatresch Versuergung
Eng zentral Ulafstell, eng Zort Guichet unique mat allen néidegen Informatiounen fir Concernéierter an hir Familljen. Dat wier eng extrem wichteg Baustell, déi ee séier kéint léisen. Momentan géif et keng Plaz ginn, wou concernéiert Leit sech informéiere kënnen, zum Beispill iwwer ënnerschiddlech Therapieformen, -Offeren an -Alternativen. Do ware sech all d'Invitéen eens. Natierlech bräicht et och gutt bezuelten Personal a méi Better an der Psychiatrie.
Grad bei de Jonke géing et och un méi spezifeschen Servicer, wéi enger Zort Transitiouns-Psychiatrie feelen, fënnt de Fabrice Mousel. E jonke Mënsch wier nämlech net op eemol mat 18 een Erwuessenen, ma géing awer vum System esou behandelt ginn. Mat 18 géing dann op eemol déi ganz Behandlungsstrukturen déi ronderëm de Jonken opgebaut goufen, ewechfalen. An Däitschland wier een do zum Beispill zu Mannheim scho méi wäit an et géing een de Service ubidden fir Jonker vu 16-25 Joer.
Eng Zort Filière psychiatrique an den Urgencen, sou wéi et se a Frankräich gëtt, wier och eng gutt Iddi, fënnt d'Mady Juchem.
Duerch den neien nationale Plang fir mental Gesondheet (2023-2028) wäert d'Santé mentale an den nächste Joren op alle Fall um politeschen Agenda stoen. Dat begréisst den Dokter. Fränz D'Onghia. Esou Pläng géifen erméiglechen, datt Verbesserunge kommen an datt d'Stierffäll zum Beispill duerch Suiciden oder Drogen- an Alkoholmëssbrauch ofhuelen. De Psycholog huet awer och un déi kollektiv Responsabilitéit appelléiert. Et wier den Terrain den d'Musek mécht an all Mënsch kéint zum Beispill och eng Éischt Hëllef fir déi mental Gesondheet maachen an sou och een An op säin Ëmfeld halen.
De Resumé vun der Emissioun am Video:
Mat diskutéiert hunn:
Mady Juchem: Vize-Presidentin a Grënnerin vun der AFPL,der Association des familles ayant un proche atteint de psychose au Luxembourg
Corinne Lahure: Assistante sociale am Seniorberäich, déi sech aktiv géint d‘Stigmatiséierung vu Leit mat psychesche Erkrankungen asetzt
Dr Fränz D‘Onghia – Psycholog vun der Ligue Luxembourgeoise de l'Hygiène Mentale an Psychotherapeut
Fabrice Mousel – Assistant social spezialiséiert op déi mental Gesondheet, schafft zanter 12 Joer an der Jugendpsychiatrie am Spidol um Kierchbierg
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.
"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.