
Zanter en Dënschdeg de Moie sinn 11 nei Petitiounen online, déi bis de 5. August op d’mannst 4.500 Ënnerschrëfte musse beieneekréien, fir dass et zu engem ëffentlechen Debat an der Chamber kënnt.
D’Fuerderunge vun de Petitionäre gi nees queesch duerch de Gaart.
Gefrot gëtt beispillsweis, dass den Toke vu Lux-Trust soll weider bestoe bleiwen, datt Lëtzebuerger, déi net gutt Däitsch oder Franséisch kënnen, trotzdeem sollen Zougang zu enger Karriär bei der Police kréien, oder datt de Smartphone an de Schoule carrement verbuede gëtt.
Da soll engem Petitionär no déi finanziell Ënnerstëtzung fir d’ukrainescht Militär engem Referendum ënnerzu ginn, all Gemeng soll op d’mannst eng Filiale vun enger Bank behale respektiv soll all Bank d’Obligatioun hunn, de “Service de Base” unzebidden. Och d’Ausgangsreegele beim Krankeschäi sollen iwwerschafft ginn.
Eng weider Petitioun wëll d’Verwaltungsréit iwwerschaffe loossen oder et gi méi Deeg Télétravail gefuerdert, well et dëst Joer vill Chantieren op de Stroossen respektiv am Zuchverkéier ginn. Kanner sollen da besser iwwert d’Menace fir d’Déieren informéiert ginn an den Accès zu Date soll méi einfach ginn.
Den Detail fënnt ee wéi gewinnt op petitiounen.lu.
E Mëttwoch de Moien ass an der Chamber iwwregens den ëffentlechen Debat iwwert d’Petitioun, déi freet, dass Lëtzebuerg Palästina offiziell als eegestännege Staat soll unerkennen.
https://www.rtl.lu/news/national/a/2195927.html