Ethikkommissioun am Beräich vun der PublicitéitReklamm vun der Chambre des Métiers wier effektiv sexistesch

RTL Lëtzebuerg
D'Ethikkommissioun am Beräich vun der Publicitéit deelt d'Meenung vum nationale Fraerot, datt eng Publicitéit vun der Chambre des métiers sexistesch wier.

Riets geet ëm eng Campagne, déi Jonker soll encouragéieren, sech fir e Brevet de maîtrise anzeschreiwen. Bei dëser wiere kloer Stereotyppe benotzt ginn. D’Campagne géif zu Diskriminatioun an Ongläichheeten tëscht de Geschlechter bäidroen, heescht et an engem Schreiwes vun der Kommissioun.

D’Ethikkommissioun fuerdert, datt d’Reklamm zeréckgezu gëtt a präziséiert, datt een e Bréif un d’Chambre des Métiers schreiwe géing.

Back to Top
CIM LOGO