
De Problem wier, wéi et heescht, behuewe ginn. Den Ament lafe jo Gespréicher, fir de Centre médical um Potaschbierg als Antenne vum CHL funktionéieren ze loossen. Bei deem Sujet ass awer net jiddereen enger Meenung.
De Gesetzprojet iwwert d’Organisatioun vum “Virage ambulatoire” wier iwwerdeems keng gutt Nouvelle am Sënn vum Patient. Dat ass d’Reaktioun vum President vun der Dokter- an Zänndokteschassociatioun AMMD no der Presentatioun vum Projet e Mëttwoch. Dem Alain Schmit no wier d’Autonomie vum Dokter Beruff an deem Projet net ginn. Sou wier een als Dokter vun der Organisatioun duerch d’Spideeler ofhängeg. Ënnert dem Stréch géing dat zu engem méi schlechten Accès zu der Medezin fir d’Patiente féieren.
Elo misst ee sech den Text awer emol am Detail ukucken, mee de President vun der AMMD ass iwwerzeegt, datt d’Ausriichtung déi falsch wier. Hie kritiséiert och, datt d’Regierung den Dokteren zwar géing nolauschteren, mee et kéint een net vun engem richtegen Echange schwätzen. D’Konzept, wat d’AMMD proposéiert hätt, wier an der Essenz komplett ëmgedréint ginn.
RTL-Artikel: Virage ambulatoire: Gesetzprojet kënnt weder bei AMMD, nach bei Collège médical gutt un
RTL News: Gesetz elo um Instanzewee - 8 nei Antenne mat ambulante Servicer (wéi IRMen) solle geschafe ginn
RTL News: IRM Potaschbierg - Centre médical an AMMD schreiwen, dass et nach keen Accord géif ginn