Déi Lénk reagéieren op RTL-Invité Gilles Baum"Rietsextremismus ass méi wéi just eng Gefor fir d'Ekonomie"

RTL Lëtzebuerg
D'Carole Thoma, Spriecherin vun déi Lénk, nennt d'Aussoen vum DP-Politiker Gilles Baum op der RTL-Antenn "inakzeptabel".
© RTL-Archiv

Déi Lénk reagéiere kritesch op Aussoe vum DP-Fraktiounschef Gilles Baum e Méindeg de Moien hei op der Antenn: Rietsextremismus wier méi wéi just eng Gefor fir d’Ekonomie.

Ugeschwat op d’Walresultater a Sachsen an an Thüringen sot de Gilles Baum ënnert anerem, datt déi sougenannte “Remigration"-Pläng vun der rietsextremer AfD ekonomesch net ze packe wieren. Donieft huet hie gesot, et wier dee richtege Wee, datt Krimineller an Afghanistan zréckzeschécken. Fir d’Spriecherin vun déi Lénk Carole Thoma sinn dës Aussoen inakzeptabel.

“Et muss ee wëssen, dass déi “Remigration”, wéi d’AfD se sech virstellt, immens wäit geet. Si wëlle souguer Leit mat däitschem Pass ausweisen. Also et ass eng Fro vu Mënscherechter. An dat da just op wirtschaftlech Froen ze limitéieren, dat gesi mer als problematesch un. Well, heescht dat, dass wann d’Wirtschaft net géing drënner leiden, dass et da kee Problem wier? An zum aneren huet den Här Baum och begréisst eigentlech, dass d’Bundesrepublik elo déi éischte Kéier nees afghanesch Stroftäter zréck an Afghanistan geschéckt huet. An dat kënne mir net novollzéien. Ech mengen do ass d’Taliban un der Muecht. Mir wëssen, wéi si mat de Leit ëmginn. Si bestrofen d’Mënschen duerch Folter, si bréngen se ëm.”

En demokratesche Rechtsstaat misst rout Linne setzen, esou d’Carole Thoma, an dozou géing gehéieren, datt ee keng Mënschen an esou Länner zréckschéckt.

PDF: Vu Rietsextremismus ass méi wéi just eng Gefor fir d'Ekonomie

Back to Top
CIM LOGO