E Méindeg waren d'Caritas-Affär, d'Renten an d'Landtagswalen an Däitschland Thema an der Emissioun Invité vun der Redaktioun.

Invité vun der Redaktioun: Gilles Baum

No der Caritas-Affär kéint d'Politik net einfach esou zur Dagesuerdnung iwwergoen. Dat sot de Gilles Baum um RTL-Mikro. Den DP-Fraktiounschef sot, hie kéint d’Gesetzespropositioun vun der Oppositiounspartei LSAP matdroen, déi bei konventionéierte Veräiner, jee no Montant vun den Transaktioune e gesetzleche 4- oder 8-Ae Prinzip virgesäit. De Gilles Baum huet d’Gemengen als Beispill genannt: "Wann ech zu Jonglënster 10 Euro ausginn fir d’Gemeng, da brauch ech d’Ënnerschrëftë vum Buergermeeschter, vum 1. Schäffen, déi vum Gemengesekretär an dann eréischt bezilt eise Receveur déi 10 Euro." Hien huet zouginn, datt et och ni eng "honnertprozenteg Sécherheet" gëtt. Mee dat kéint a sengen Ae e Minimum-Standard duerstellen.

Wat fir d’DP elo am wichtegste wier, wier datt déi staatlech konventionéiert Aarbecht vun der Caritas fir "déi vulnerabelst Leit" weidergeet an d’Aarbechtsplaze vun den iwwer 500 Mataarbechter vun der Caritas garantéiert ginn, well déi och guer näischt fir de Finanzskandal kéiinten. Iwwert d’Zukunft vun der aktueller Direktioun a vum Verwaltungsrot an neien Entitéite wollt de Gilles Baum nach näischt soen. Et misst een ofwaarden, wat d’Enquête ergëtt. Änlech wat d’Roll vun de Banken ugeet, déi vun der Iwwerwaachungskommissioun vun der Finanzplaz CSSF an der europäescher Zentralbank ënnert d’Lupp geholl gëtt.

Kleng Rente gi sécher net gekierzt

De Rentesystem war e weidere Sujet am Interview mam Gilles Baum. Déi Diskussiounen dierften an e puer Wochen ulafen. D’DP huet d’Sozialpartner scho fir Gespréicher agelueden. Dem DP-Fraktiounschef no misst een de System a reegelméissegen Ofstänn op de Leescht huelen. Hien huet awer widderholl, datt ee sécher net den "décken Hummer" géing auspaken. Eenzel Upassunge wieren awer néideg, notamment well d’Zuel vu Rentner klëmmt. Kierzunge bei de klengen a mëttleren Rente wäert et mat der DP awer sécher net ginn, esou de Gilles Baum.

Gutt AfD-Resultater "eng Katastroph"

Dat gutt Resultat vun der AfD bei de Landtagswalen an Thüringen an a Sachsen wier eng Katastroph, esou den DP Fraktiounschef. A sengen Ae wier dat Resultat op d'Onzefriddenheet vun de Wieler mat der SPD-Gréng-FDP Bundesregierung a mat der Migratiounspolitik zeréckzeféieren. D’Migratioun limitéieren, wier dem Gilles Baum no awer ekonomesch net machbar. Stroftäter zeréck an hir Heemechte schécken, esou ewéi d’Bundesregierung Wëlles huet, dogéint schonn.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.