Aktuell Direktesch vu LuxinnovationSasha Baillie als nei Hofmarschallin vun Haff confirméiert

RTL Lëtzebuerg
Déi aktuell Direktesch vu Luxinnovation a fréier Diplomatin Sasha Baillie gëtt déi nächst Hofmarschallin.
© RTL-Archiv

Dat confirméiert e Freideg de groussherzoglechen Haff an de Soziale Medien. No der Propos vum Grand-Duc Henri an dem Lieutenant-Representant Guillaume hätt de Conseil de Gouvernement der Sasha Baillie hir Nominatioun ugeholl.

Si fänkt den 1. Mäerz an hirem neien Amt un, heescht et weider. Bis dohi géife souwuel d’Sasha Baillie, Direktesch vu Luxinnovation, an den aktuellen Hofmarschall Paul Dühr hire Poste verschriwwe bleiwen, esou nach déi kuerz Matdeelung.

Lieutenant-Représentant huet Eed ofgeluecht: “Nei Etapp, déi fir déi ganz Famill ufänkt”, esou den Ierfgroussherzog

Back to Top
CIM LOGO