
Dat mellt Reporter.lu e Mëttwoch. Informatioune vum Online-Magasinn no géifen aktuell déi lescht Detailer vum Kontrakt tëscht der 54 Joer aler Sasha Baillie an der Maison du Grand-Duc verhandelt ginn.
Den aktuellen Hofmarschall ass de Paul Dühr. Hie war e Méindeg eisen Invité vun der Redaktioun. Kuerz no der Annonce, datt den Ierfgroussherzog Guillaume soll Lieutenant-Representant ginn, hat de Premier Luc Frieden jo annoncéiert, datt och den Direktiounscomité vun der Maison du Grand-Duc soll nei opgestallt ginn.