
Huet d’Direktesch vum Mierscher LTPES bei der Remise vun den Diplomer an hirer Ried viru Schüler géint riets Politik “gehetzt” a géint hir Neutralitéit verstouss? Dat freet nach emol den ADR-Deputéierte Fred Keup, deen ewell virun zwou Wochen esou eng éischt identesch parlamentaresch Fro gestallt hat an nach emol nofreet, ob Staatsbeamten esou Tribünen dierfen notzen, fir hir perséinlech politesch Vuen ze propagéieren?
Den Educatiounsminister Claude Meisch stellt sech eng weider Kéier virun d’Direktesch vum Lycée fir sozial an edukativ Beruffer a seet, datt d’Claudine Muller an hirem Discours en Appell un d’Grondwäerter vun eiser Gesellschaft gemaach hätt, sou wéi se an der Verfassung verankert wieren.
De Claude Meisch seet dann och, datt déi politesch Neutralitéit, där sech all Beamten an d’Schoule verflichten, hir Limitten an der Verfassung an och an de Mënscherechter fënnt. Deemno dierft d’ëffentlech Schoul net neutral si par rapport zu de Feinde vun de fräiheetlech-demokratesche Grondwäerter, also och net par rapport zu rietsextreemen oder rietspopulistesche Gedanken.
D’Schüler sollten an der Schoul zur Toleranz erzu ginn. Domat kéint “awer net d’Toleranz géintiwwer der Intoleranz gemengt sinn”. An deem Sënn wier et fir de Minister “absolut zoulässeg, jo souguer wënschenswäert, datt sech d’Schoule géint Rietsextremismus a Rietspopulismus engagéiere géifen” - an dat wier leider keng Selbstverständlechkeet méi.