
Mat vill Houfert war se ugekënnegt ginn, déi nei Section aérospatiale am Lënster Lycée International School: “Rejoins le LLIS à partir de l’année 2022/2023!” war d’Iwwerschrëft vum Flyer, deen nach ëmmer online ze fannen ass. Weider housch et dorop: “En 4e GIG/GCM tu seras préparé(e) pour la section aérospatiale, qui débutera en 2e à partir de 2024-2025.”
Schüler a Schülerinnen, déi sech op d’Weltall-Sektioun gefreet haten, musse sech awer nach e bësse gedëllegen, well viru Kuerzem gouf de Start vun der Aérospatiale verréckelt: “Dës Sektioun wäert effektiv nach net fir d’Rentrée 2024/2025 ulafen. D’Aarbechte fir d’Ausschaffe vun de Programmer vun der Sektioun ginn nach weidergefouert”, housch et op Nofro vun RTL am Educatiounsministère.
Wat d’Schouljoer dem Enn méi no kënnt, wat sech eng Partie Lycéesschüler a -schülerinne jo musse fir eng Sektioun decidéieren. Ob eng Sektioun an engem Lycée ugebuede gëtt, géif och ëmmer vun den Aschreiwungen ofhänken, esou nach de Ministère.
Dat schéngt awer net déi eenzeg Fro ze sinn, déi sech den Ament nach bei dëser Sektioun stellt. Dem Ministère no sinn d’Wierfel iwwer e Wéi, Wéini a Wou nämlech nach net gefall: “D’Fro, ob eng Section aérospatiale am LLIS wäert ugebuede ginn, oder eventuell an engem anere Lycée, gëtt am Laf vum nächste Schouljoer analyséiert an decidéiert.”
Besser e Plang B
D’Schüler an d’Schülerinne schéngen also gutt beroden, sech e Plang B ze iwwerleeën. An där Situatioun ass zum Beispill och e Schüler, deen d'4e dubléiert hat, mat der fester Hoffnung, dann am Timing ze leien, fir d’nächst Schouljoer op der 2e mat der Aérospatiale unzefänken. Doraus gëtt dann elo mol näischt.
De Lënster Lycée selwer ass aktuell och an enger Reorientéierungsphas, eng Partie Klasse ginn do nämlech auslafe gelooss. De Ministère beschreift déi Transformatioun esou: “Am Lënster Lycée ginn déi ënnescht Klasse vum ESC [Enseignement Secondaire Classique] an d’Klasse vun der Voie d’orientation vum ESG [Enseignement Secondaire Générale, fréieren Technique] auslafe geloss.”
Et wier also net esou, datt sämtlech Klasse vum ESG am LLIS géife verschwannen: “D’Klasse vun der Voie de préparation (7P, 6P, 5P), d’Classe d’initiation professionnelle (CIP) respektiv d’Classe d’orientation professionnelle (COP) esou wéi och d’Classe d’adaptation (5AD) – déi och all Klasse vum ESG sinn – gi weiderhin ugebueden.”
Space dank DIMAS
Iwwer déi konkreet Offer vu Sektiounen am LLIS kéint een den Ament awer nach näischt soen: “Wat fir Sektiounen an engem Lycée ugebuede ginn, hänkt wéi gesot ëmmer vun den Aschreiwungen of. Dofir ass et am Moment nach ze fréi, fir ze soen, wéi d’Offer vun de Sektiounen am LLIS wäert evoluéieren.”
Schüler a Schülerinnen, déi sech op de Weltall wëlle spezialiséieren, mussen awer net ganz drop verzichten, och wann déi entspriechend Sektioun nach ongewëss ass, dorop weist den Educatiounsministère ausdrécklech hin. Et géif nämlech eng Formatioun an deem Beräich, allerdéngs eng baussent den normale Schoulstonnen: “Fir d’Schüler vum Secondaire, déi sech fir d’Thematik vun der Raumfaart interesséieren, gëtt an enger Partie Lycéeën, notamment och am LLIS, ausserhalb vum offizielle Stonneplang d’Formatioun DIMAS (diplôme d’initiation aux métiers aéronautiques et spaciaux) ugebueden. Dës gëtt vun der Luxembourg Flight Training Academy, am Partenariat mam Service de coordination de la recherche et de l’innovation pédagogiques et technologiques (SCRIPT) organiséiert an huet als Zil, d’Schüler op d’Beruffer vun der Aéronautique / Aérospatial ze sensibiliséieren, hinne Wëssen an dëse Beräicher ze vermëttelen a se esou och op eventuell Héichstudien an deene Beräicher ze preparéieren.”
Lënster vläicht, Uni sécher
D’Fro, ob eng Formatioun am Beräich Aérospatial am LLIS wäert ugebuede ginn, oder eventuell an engem anere Lycée, géif – wéi ewell geschriwwen – am Laf vum nächste Schouljoer analyséiert an decidéiert ginn.
Nom Lycée hätt een op alle Fall op der Uni Lëtzebuerg d’Méiglechkeet, sech weider am Weltall-Domaine ze spezialiséieren. Do gëtt et zum Beispill de “Master in Space Technologies and Business“ vun der Faculté des Sciences, de la Technologie et de la Médecine an d’Faculté de Droit, d’Economie et de Finance bitt de “Master in Space, Communication and Media Law” un a leet och den SES-Léierstull an deem selwechte Beräich. Donieft gëtt et Fuerschung iwwer d’Regulatioun am Weltall.
Weider Uni-Aktivitéiten am Beräich Space: SpaceRobotics an de LunarLab um Kierchbierg, d’Ekipp “Space System Engineering” schafft u Miniatursystemer wéi 10 x 10 cm Cube Satellites oder MicroChippen, déi fir Space Services wéi Geoengineering gebraucht kënne ginn, donieft gëtt et Fuerschung iwwer Satellittekommunikatioun am IT-Beräich an och am Droit an et gëtt d’Abteilung Autonomous Robotik, déi ënnert anerem och fir Space-Initiative ka gebraucht ginn.
U potenzielle Verlängerunge vun enger Section aérospatiale am Lycée géif et op der Héichschoul um Belval also net feelen.
Europäesch Klasse ganz beléift
Iwwer déi zukünfteg Ausriichtung vum Lënster Lycée hat den Educatiounsminister Claude Meisch op eng Question parlementaire vum Ost-Deputéierte Max Hengel Enn Abrëll geäntwert, datt “Schüler, déi aktuell op enger 7G oder enger 6G am LLIS sinn, kënne selbstverständlech hire Parcours op den ënneschte Klassen an där Schoul weiderféieren”, och wann de Lënster Lycée vun der Rentrée 2024 u keng 7G-Klasse vun der Voie d’orientation am Enseignement secondaire général (ESG) méi ubitt.

Firwat déi Entscheedung geholl gouf, erkläert de Minister mat der Nofro: “D’Decisioun, keng 7G-Klasse méi unzebidden, ass getraff ginn, well d’Aschreiwungen an den europäesche Klasse staark geklomme sinn. D’Demande fir ESG-Klassen zu Jonglënster ass kleng, wat sech warscheinlech duerch d’Proximitéit notamment mat der Stad erkläert, wou d’Schüler e breede Choix un ESG-Klassen a verschiddene Lycéeën hunn.”
De Lënster Lycée wier awer weider op fir all d’Schüler, déi mam Fondamental fäerdeg sinn: “Mat den europäesche Klassen an zousätzlech der Voie de préparation riicht sech d’Offer am Secondaire vum LLIS weiderhin un all Schüler, onofhängeg dovun, ob se um Enn vum Cycle 4.2. an de Classique, de Général oder d’Voie de préparation orientéiert ginn. Déi europäesch Klassen am Secondaire sinn nämlech accessibel souwuel fir Schüler, déi an den ESC, grad wéi och an den ESG orientéiert ginn.”
ERKLÄRUNG iwwer d’Bezeechnungen (aus enger Info-Broschür vum Educatiounsministère):
La réforme du lycée de 2017 a introduit de nouvelles dénominations.
L’enseignement secondaire (ES, dit « classique ») est devenu l’enseignement secondaire classique (ESC). L’enseignement secondaire technique (EST) est devenu l’enseignement secondaire général (ESG). Dans les deux systèmes, la numérotation des sept années de scolarité est identique : les classes vont de la 7e à la 1re.
L’ESG comprend la voie d’orientation et la voie de préparation. Les anciennes classes modulaires sont devenues les classes de 7P, 6P et 5P de la voie de préparation.
L’ESG comprend aussi la 5AD (AD pour adaptation) vers laquelle sont orientés, suivant les critères de promotion, certains élèves de la voie de préparation ou de la 6G.
RTL-NEWS: Éischte Lëtzebuerger am All - Raphaël Liégeois soll 2026 op d’ISS fléien