7. Deel an der Stroossbuerger Strooss"Sief sou spéit owes net eleng ënnerwee!" E Sproch, dee besonnesch Frae kennen

Monica Camposeo
Anne Wolff
De Lëtzebuerger Museker T the Boss an d'Claire Schadeck vum CID Fraen an Gender tausche sech aus iwwert d'Sécherheetsgefill, wann een nuets ënnerwee ass.
7. Deel an der Stroossbuerger Strooss
“Sief sou spéit owes net eleng ënnerwee!” E Sproch, dee besonnesch Frae kennen

Et ass 1 Auer moies, mir sinn ënnerwee an der Stroossbuerger Strooss. De Rafael Possing ass hei am Quartier opgewuess a war och als Jugendleche vill hei ënnerwee. Hien kennt also och d’Nuetsliewe vun der Stroossbuerger Strooss an ass dru gewinnt.

Serie Stroossbuerger Strooss Deel 7 / Rep. Monica Camposeo

Fir den Interview hate mir eis den Treffpunkt op der Stroossbuerger Plaz ginn. Ma obwuel d’Claire Schadeck hätt kënnen ze Fouss kommen, huet hat léiwer den Taxi geholl: “Ech muss éierlech soen, ech hu mech net ganz wuelgefillt, fir ze Fouss ze kommen.” Ma och dem Taxichauffer war onwuel, déi jonk Fra an der Nuecht hei eleng ofzesetzen. Hien huet si iwwerriet, nach e bëssen am Taxi ze waarden, bis si net méi eleng ass. Den T the Boss iwwerdeems huet e bësse méi wäit geparkt an hat kee Problem, eleng bis op d’Stroossbuerger Plaz ze trëppelen. Hien ass awer op deene puer Honnert Meter eleng 3 Mol gefrot ginn, ob en Droge kafe wëll. “Näischt Ongewéinleches, wann een hei nuets ënnerwee ass”, fënnt de Museker, “Ech verstinn, wann d’Leit dovu genervt sinn oder sech belästegt fillen, mee ech si schonn dru gewinnt.”

D’Claire Schadeck ass do anerer Meenung: “Et ass ustrengend, dass ee sech Gedanke maache muss an net einfach a Rou trëppele kann, ouni ugeschwat ze ginn. Dat ass awer allgemeng esou an net onbedéngt hei op d’Strooss bezunn. Ech mengen net, dass dat sou vill mat engem Quartier ze dinn huet. Et ass einfach e Phänomen, dee vu Fraen a Männer ënnerschiddlech wouergeholl gëtt, mengen ech, well Fraen den ëffentleche Raum einfach anescht betrieden, wéi Männer e betrieden.” D’Claire Schadeck hält och Workshoppen zum Thema Sexismus a sexueller Gewalt. Déi jonk Fra fënnt, dass den ëffentleche Raum einfach méi zougänglech ass fir Männer, wéi fir Fraen. Frae missten sech déi Plaz ëmmer rëm zeréckhuelen.

Och den T the Boss ass där Meenung, dass Fraen definitiv méi dacks belästegt gi wéi Männer. Hei am Quartier géing een awer éischter ugeschwat ginn, ob een Droge kafe well, wéi dass een an anerer Form belästegt gëtt.

Sech onwuel fillen oder Angscht hunn, ass awer och dacks net begrënnt, sou d’Claire Schadeck. “Et geschitt dacks am Kapp. Et ass déi Angscht, dass eppes kéint geschéien, ouni dass onbedéngt eppes geschitt. Et geschitt net permanent eppes, méi déi Angscht, dass eppes kéint geschéien, ass do.” Grond dofir, sollen och dacks déi Spréch sinn, déi een héiert éiert een dann eleng rausgeet, wéi zum Beispill “Du kanns dach net nuets eleng ënnerwee sinn” oder “Pass awer op, wéis de heemkënns”. Doduerch géif ee vermëttelt kréien, dass et net sécher ass an dass ee muss Angscht hunn, obwuel een et am Fong net bräicht.

Och géing do déi negativ Berichterstattung an de Medie matspillen. Nëmme well eng Strooss an de Medien negativ opfält, heescht dat net, dass dat den Dauerzoustand am Quartier ass. “De Ruff vun der Gare ass deelweis vill méi schlëmm, wéi et wierklech ass. Natierlech geschéien hei an de Stroossen och eng Partie illegal Saachen, mee de Garer Quartier ass vill méi grouss an huet och schéi Stroossen. An och hei an der Strooss ass et net ëmmer sou schlëmm, wéi et heiansdo duergestallt gëtt”, fënnt den T the Boss.

Am RTL-Interview erzielen déi zwee och, wat si hei an der Strooss schonn erlieft hunn. Schockéiert war de Museker zum Beispill iwwert d’Respektlosegkeet vu verschiddene Leit. Zum Beispill si schonn e puer Mol Autoe stoebliwwen, wann hien an der Stroossbuerger Strooss mat Frëndinnen ënnerwee war, well si seng Frëndinne fir eng Prostituéiert gehalen hunn. Dat kann hien einfach net novollzéien. D’Claire Schadeck huet bis ewell “just” verbal Belästegung erlieft. “Mee och dat ass net ok an och dat féiert dozou, dass ech mech méi onwuel fillen.”

E Gefill vun Onsécherheet...dem Museker T the Boss an dem Claire Schadeck vum CID Fraen a Gender no schonn eppes, wat bei Fra a Mann verschidden ass an eng Angscht, déi duerch d’Gesellschaft an d’Medie verstäerkt gëtt.

1. Deel an der Stroossbuerger Strooss - Eng Strooss mat vill Geschicht, déi een och haut nach gesäit2. Deel an der Stroossbuerger Strooss - Fréibiren fir déi éischt Geschäftsleit an der Stroossbuerger Strooss3. Deel an der Stroossbuerger Strooss - Zesumme mat enger Léierin an À vos côtés virun der Schoul4. Deel an der Stroossbuerger Strooss - Zwee Restaurateuren - Familljebetrib vs. “trendy” a nei5. Deel an der Stroossbuerger Strooss - Multikulturalitéit, déi een och an de Butteker erëmfënnt6. Deel an der Stroossbuerger Strooss - Wien zitt et an d’Bars an d’Hoteller vun der Stroossbuerger?

Back to Top
CIM LOGO