
D’Gewerkschaft ALEBA huet eis d’Informatioune vum Quotidien confirméiert. Am Virfeld vun der konkreeter Phas vun der Fusioun soll Ufanks Juni ugefaange ginn, bei de Lëtzebuerger Filiale vun UBS a Credit Suisse iwwer e Sozialplang verhandelt ze ginn.
Tëscht 65 an 75 Aarbechtsplaze kéinten am Ganze bei béiden Unitéiten ewech falen, wéi eis de Jean-Jacques Rieff Vizepresident vun der gréisster Gewerkschaft am Bankesecteur Aleba erkläert.
“Dat ass effektiv d’Populatioun vun deenen zwou Banken, déi hei zu Lëtzebuerg vertruede sinn. Do schwätze mir vun enger Populatioun vun am Ganzen 900 Leit déi betraff sinn, wou eben déi do Unzuel vu Leit (N.d.l.r. 65 bis 75) geplangt sinn, ënnert deen Sozialplang ze falen.”
Bei der Aleba geet een dovun aus, datt de Sozialplang bei béide Banke queesch duerch déi eenzel Departementer wäert goen. Vill méi wier ee bis elo net gewuer ginn:
“Dat wësse mir net, mir krute just gesot, wéi vill Leit concernéiert sinn. Dofir musse mir ofwaarden, wat mir de 5. Juni, wann dat lass geet, wat mir dann do vun der Management-Säit gezielt kréien. Mä et gesäit aus, wéi wann et queesch duerch d’Betriber geet, also duerch déi verschidden Entitéiten.”
Informatioune vun der Gewerkschaft no ass et net ausgeschloss, datt et an enger zweeter Phas d’nächst Joer weider Entloossunge kéint ginn. Antëscht ginn déi schwiereg Verhandlungen iwwert een neie Banke-Kollektivvertrag virun.
RTL-News: Aleba: Personal vum Credit Suisse ganz veronséchert wéinst Iwwernam duerch UBS