
Bei den neie Petitioune geet et nees vu bis. De Staat soll bäileeën, fir e Smartphone ze kafen. Steierentlaaschtunge fir Pensionäre gi gefrot. Am Stau sollen d’Motoen dierfe legal laanscht déi aner fueren. D’Uertschaftsschëlder sollen ëmgedréit ginn: fir d’éischt de lëtzebuergeschen Numm an dann déi däitsch oder franséisch Iwwersetzung.
Wann een als Foussgänger bei rout iwwer d’Strooss geet, soll et méi streng Strofe ginn. Boergeld soll an der Verfassung geschützt ginn oder nach d’Kreatioun vu sougenannte “Cannabis Social Clubs” gëtt gefuerdert.
Ee Petitionär verlaangt dann nach getrennte Keesen op den Tankstellen, fir net musse méi laang ze waarden, wann anerer nach Alkohol oder Zigarette kafen.
D’Petitioun, déi verlaangt, datt d’Strooss tëscht dem franséische Réiden a Bieles net soll zougemaach ginn, huet iwwerdeem méi wéi déi néideg 4.500 Ënnerschrëften zesummekritt.
Nach sinn et 4.500 Ënnerschrëften, déi ee brauch, fir datt et an der Chamber zu engem ëffentlechen Debat kënnt. An Zukunft wäert ee 5.500 Signatairë brauchen.