Bilan vum éischten HallefjoerStaatsrecetten evoluéiere positiv, Finanzminister "virsiichteg optimistesch"

RTL Lëtzebuerg
De Finanzminister Gilles Roth huet e Méindeg an den zoustännege Chamberkommissiounen d'Budgetszuele fir dat éischt Hallefjoer presentéiert.
© SIP / Julien Warnand (Archivbild)

Hien huet confirméiert, datt d’Recetten op ee Joer gekuckt ëm 12% geklomme sinn. D’Depensë si bis elo ëm 7% geklommen. Stand Enn Juni louch de Solde vum Zentralstaat (also ouni Sozialkeesen a Gemengen) bei plus 487 Milliounen Euro.

D’Recettë si mat Plus 37% besonnesch um Niveau vun der Betribsbesteierung geklommen. Mee och um Niveau vun der Lounsteier – den déckste Batz op Säite vun de Recetten – gouf et trotz Upassung vum Barème un d’Inflatioun eng Hausse vun 10%. D’Recettë vun der TVA - den zweetdéckste Batz - si mat 9,6% och gutt gewuess. Déi aner indirekt Steier, den droit d’enregistrement, déi verzeechent iwwerdeems de stäerksten Abroch mat Minus 23%, dat well et jo aktuell wéineg Immobilientransaktioune ginn.

Um Niveau vun den Depensë stiechen dann och puer Haussen eraus. Bei den Ausgabe fir de Chômage an de Revis ass et e Plus vun 21%. Mee och bei de Paie gëtt de Staat elo 3,3 Milliarden Euro aus, wat op ee Joer gekuckt engem Plus vu bal 10% entsprécht.

No der Presentatioun vun den Zuele sot de Finanzminister Gilles Roth, et kéint ee “virsiichteg optimistesch” sinn, well d’Recettë geklomme sinn. Obwuel hien am Juni bei eis op RTL sech nach e Plus vu 14% konnt virstellen. Hie sot awer, et kéint een “Holz upaken”, datt de Budgetsdefizit um Enn vum Joer weider méi niddreg wäert ausfalen ewéi nach d’lescht Joer gefaart, mee et wéisst een och net “wat nach alles op der Welt geschitt”.

D’Oppositiounsparteien LSAP, Gréng a Piraten hunn d’positiv Entwécklung vun de Recetten natierlech och gutt fonnt, mee waren awer nach manner optimistesch ewéi de Minister. De Piraten-Deputéierte Sven Clement huet ënnerstrach, datt et um Enn vum Joer weider en Defizit wäert sinn. D’Deputéiert Franz Fayot (LSAP) a Sam Tanson (déi Gréng) si bei hirer Analys bliwwen, datt d’CSV-DP-Regierung ze vill op Wuesstem géing setzen a bleiwen der Meenung, datt Investissementer a weider Ausgaben, déi nach kommen, duerch Steieren op grouss Verméigen zum Beispill misste géigefinanzéiert ginn.

De Franz Fayot war iwwerdeems och der Meenung, datt d’Hausse vun de Recetten och dorobber zeréckzeféiere wier, datt een “d’Lat net héisch gesat” hätt, fir duerno méi einfach “driwwer ze sprangen”. An da misst ee sech d’Fro stellen, wat ee mécht, wann et eng Kéier manner gutt dréint.

Liest hei den offizielle Communiqué vum Finanzministère

Back to Top
CIM LOGO