
Den CSV-Parlamentarier Laurent Zeimet hat d’lescht Woch wéinst engem potentiellen Interessekonflikt als President demissionéiert. E Mëttwoch gouf an der genannter Kommissioun d’CSV-Ost-Deputéiert Stéphanie Weydert unanime zur Successeurin bestëmmt. Ma och si ass als Affekotin bei enger Etüd ageschriwwen an och bei hir hat d’Oppositioun eng Partie Froen.
Déi nei Presidentin sot awer am RTL-Interview, datt si kee perséinlechen Interêt am Dossier hätt, an datt si zënter engem Joer net méi als Affekotin am Alldagsgeschäft aktiv gewiescht wier, wéinst hirem congé politique.
An den An vun der Oppositioun ass op alle Fall lo genuch iwwer d’Form diskutéiert ginn.
D’LSAP hat dës Kommissioun gefrot a fir d’Fraktiounscheffin Taina Bofferding wier wichteg Zäit verluer gaangen:
“Et huet een d’Impressioun, dass hei op Zäit gespillt gëtt, just fir eng Kéier ze rappelléieren: ‘mir hunn den 10. Oktober d’Resolutioun an der Chamber gestëmmt.’ Dat heescht, do ware mer eis eens, dass mer eng Spezialkommissioun Caritas wëllen hunn. An elo, iwwer sechs Woche méi spéit, stëmme mer dann elo fir d’zweet e President. Mir diskutéiere wéi et soll organiséiert ginn. Also mir stëmme weider iwwert d’Form of, mee mir diskutéieren net iwwert de Contenu, also iwwert d’ Affär selwer. Mir hu gesot, dass mer gäre wëlle verschidden Acteure gesinn, wéi de Parquet, d’Caritas, HUT. Am Endeffekt si Mol nach keng Invitatiounen eraus.”
D’Stéphanie Weydert seet am Géigenzuch, datt een elo séier wéilt urappen. An der Sëtzung e Mëttwoch gouf ënner anerem den Agenda definéiert, sou déi nei Presidentin. D’nächst Woch soll et mat den Auditiounen ugoen:
“Mir sinn elo einfach déi ganz Lëscht mat den Organisatiounen duerchgaangen, déi mer gesot hätten, déi mer wéilte ruffen an enger éischter Phas an do hu mer eis elo den Agenda ginn. An do fänke mer d’nächst Woch un. Dat heescht, dat wäert dann awer do säi Laf hunn, dass mer ufanks Februar mat all deenen Entrevuen duerch wieren. Mir wollte lo mat den autorités judiciaires an och mat der CSSF fir d’éischt Kontakt do ophuelen.”
D’Aufgab vun der Spezialkommissioun wier et net, eng Enquête parallel der Enquête ze maachen, sou d’Stéphanie Weydert. Et géing drëms, eng Opschaffung ze maachen an derzou bäizedroen, datt d’Acteuren am soziale Secteur besser opgestallt ginn, fir datt e Fall ewéi dee vum Detournement vun de Sue bei der Caritas sech net widderhëlt.