Och wann et sech net esou ufilltTemperature klammen allgemeng zu Lëtzebuerg

RTL Lëtzebuerg
Wéi den EU-Wiederdéngscht Copernicus rezent matgedeelt huet, war de Juni dëst Joer 1,5 Grad Celsius méi waarm wéi nach wärend der virindustrieller Zäit.

Déi Noriicht ass schwéier ze gleewen, wann een d’Wieder dëse Juni zu Lëtzebuerg observéiert huet: Reen, Donnerwieder an e groen Himmel. Do sinn déi méi héich Temperature fir eng Partie Leit schwéier nozevollzéien.

Tatsächlech waren d’Temperaturen am Juni 2024 0,8 Grad Celsius méi niddereg wéi d’Referenzmoyenne vun 1991 bis 2020, déi bei 16,7 Grad louch. Vergläicht een d’Temperatur awer mat der Moyenne vun 1961 bis 1990, déi am Juni bei 14,9 Grad Celsius louch, da war dëse Juni 1 Grad méi war, wéi d’Moyenne deemools.

Et dierf een net vergiessen, dass d’Period vun 1991 bis 2020 schonn en däitlecht Hannergrond-Signal vum Klimawandel mat sech dréit”, erkläert de Luca Mathias vu Meteolux.

Zwar hat Lëtzebuerg am Juni 2024 manner Sonn, wéi dat d’lescht Joer de Fall war. An awer sinn d’Temperaturen allgemeng um klammen, wéi een dat op dëser Grafik erkenne kann.

© METEO OBSERVATION

Et misst een awer och bedenken, dass “net zwangsleefeg all Regioun um Globus positiv Temperaturanomalien huet, wann et global 1,5 °C méi waarm war, vu dass et eben eng weltwäit Moyenne ass“, erkläert de Luca Mathias vu Meteolux.

RTL-News: Rekordtemperature weltwäit - Gëtt den Temperaturrekord vun 1913 am Death Valley déi nächst Deeg iwwertraff?

Back to Top
CIM LOGO