No Fuerderunge vu Gewerkschaft a MinisterTICE-Mataarbechter kréie Prime d'astreinte réckwierkend ausbezuelt

RTL Lëtzebuerg
Am Dossier vun de Primes d'astreinte beim TICE konnten d'FGFC an den Inneminister eng Eenegung fir déi 110 betraffe Salariéë fannen.

Dat deelt d’Gewerkschaft e Freideg de Moie via Schreiwes mat a seet sech zefridden, datt no laange Fuerderunge vun der Gewerkschaft, mee och vum Inneminister Gloden eng Eenegung konnt fonnt ginn an déi 110 betraffe Salariéë vum ëffentlechen Transportreseau aus dem Süden hir Zoulag, wéi gesot, réckwierkend kréien. D’finanziell Moyenen dofir wieren an de nächste Budgete vum TICE virgesinn.

Ufank nächst Joer sollen da kloer Konditioune festgeluecht ginn, fir d’Ausbezuelung vun der genannter Primm ze garantéieren. Bis dat geschitt, kréichen all d’Mataarbechter hir verdéngte Primm, präziséiert d’FGFC nach.

RTL-News: OGBL fuerdert Transparenz vu Ministère an TICE: Ofschafe vu Prime d’astreinte bedeit finanziell Verloschter fir Mataarbechter
Link: D’Schreiwes vun der FGFC

Back to Top
CIM LOGO