
Zanterdeem d’Ackerbauschoul am September 2021 hir Dieren um Site zu Gilsdref opgemaach huet, gëtt doriwwer diskutéiert, datt Schüler hir Autoen an enger Abuchtung nieft der N14 parken an dann zu Fouss laanscht d’Strooss bei de Lycée trëppelen. Et gëtt zwar ee Park&Ride um Bloen Eck, ma dee schéngt awer net fir all Schüler eng attraktiv Alternativ ze sinn.
Och wann d’Abuchtung e Freideg manner zougeparkt war wéi op aneren Deeg, stoungen awer eng siwen Autoen do an d’Schüler sinn deels eleng, deels a Gruppen erop getrëppelt. Ma firwat ass dat besser, wéi héchstens fënnef Minutten an engem waarme Bus ze sëtzen?
“Et ass einfach vill méi praktesch, et ass een net un ee Bus gebonnen. Et ass een einfach vill méi flexibel, och wann d’Schoul deemno wéi méi fréi fäerdeg ass, da geet een einfach zu Fouss rëm erof an et fiert ee mam Auto heem.”
“Also wann s de ze spéit bass, kriss de dann awer rëm kee Bus an dann ass dat bëssi komplizéiert. Ech fueren dann awer léiwer mam Auto.”
“Ma fir mech ass et haaptsächlech, wa mir mat der Schoul rausfueren an da si mer net ëmmer mat der Schell rëm. Dat heescht, wann d’Busser nëmme 6 Minutten no der Schell fueren, also nodeems d’Courssen eriwwer sinn, a wa mir awer réischt 10 Minutten dono rëm kommen, well Stau ënnerwee war oder iergendeppes, dann ass et fir eis zimmlech onlogesch, fir dann eng Stonn bei der Schoul ze waarden, fir ee Bus ze kréie bei de Bloen Eck.”
Verschidde vun deene Schüler huelen awer och heiansdo oder souguer meeschtens de Bus. Dee wier awer dacks zimmlech voll an zanter Kuerzem géingen der och net méi zwee, mee just nach ee fueren. Den Direkter vun der Ackerbauschoul Tom Delles kann dat confirméieren. Deen zweete Bus wier gestrach ginn, dofir wier deen éischten awer lo méi ee grousse Modell mat ronn 70 Plazen.
RTL-News (8.11.24): Gilsdref: De Lycée Technique Agricole kritt ee Park&Ride um Bloen Eck