95. EditiounUm Méindeg war d'Braderie an der Stad

RTL Lëtzebuerg
Iwwer 200 Butteker am Garer Quartier an am Stadzenter hu bei der Braderie matgemaach.
Um Méindeg war d'Braderie an der Stad
Iwwer 200 Butteker am Garer Quartier an am Stadzenter hu bei der Braderie matgemaach.

Op der Paräisser Plaz gouf vun 10 Auer moies bis 8 Auer owes fir Animatioun gesuergt, dorënner d‘Ludoland Asbl mat Konstruktiounsspiller, engem Lego-Atelier an engem Artisten-Atelier, wou ee ka léieren, Graffiti ze sprayen. An der Uewerstad an am Garer Quartier goufde ganzen Dag fir musikalesch Animatioun gesuergt.

Och RTL war mat engem Stand op der Plëss op der Braderie present.

Iwwer 200 Geschäfter maache mat: Déi 95. Editioun vun der Braderie ass e Méindeg

Back to Top
CIM LOGO