Bankomat zu Esch/Sauer gesprengtVerdächtege gouf an Italien gepëtzt an u Lëtzebuerg ausgeliwwert

RTL Lëtzebuerg
Et gouf e Succès an der Enquête ronderëm d'Sprenge vun engem Bankomat zu Esch/Sauer am Mäerz 2022.
© Domingos Oliveira

An enker Zesummenaarbecht tëscht Lëtzebuerger an auslänneschen Autoritéite konnt ee presuméierten Täter an Italien gepëtzt ginn. Hie gouf leschten Donneschden u Lëtzebuerg ausgeliwwert, esou d’Police.

Da mellt d’Police nach, datt et hinnen zesumme mat de franséische Kolleege gelongen ass, fir an engem Zuch a Richtung Lëtzebuerg e presuméierten Drogendealer ze stellen. Bei dësem konnten 43 Bulle Kokain, en Handy a Sue fonnt ginn. De Parquet gouf informéiert an de Mann gouf festgeholl. Weider huet hien och mussen an de Scanner an hei war, esou d’Police, d’Resultat positiv. Op Nofro huet d’Police confirméiert, datt een am Scanner weider Bullen entdeckt huet, eng genee Unzuel konnte si awer net nennen.

RTL-News: Police bestätegt - Zu Esch-Sauer an der Rue du Moulin gouf e Bancomat aus der Mauer gesprengt

Back to Top
CIM LOGO