Poopst François de 26. September zu LëtzebuergVisitt vum Poopst war eng immens Iwwerraschung, esou Generalvikar Muller

Carine Lemmer
Tim Morizet
Nach bis en Donneschdeg ginn et Ticketen, fir de Poopst Enn September live ze erliewen. De Generalvikar Patrick Muller gëtt Detailer zum Programm vum Dag.
Visitt vum Poopst war eng immens Iwwerraschung, esou Generalvikar Muller
De Generalvikar Patrick Muller gëtt Detailer zum Programm vun der Poopst-Visitt.

Zanter en Dënschdeg de Moien an nach bis en Donneschdeg ëm 17 Auer kann ee sech online fir eng Plaz an der Kathedral umellen, wann de Poopst de 26. September op Lëtzebuerg kënnt.

650 Plaze gëtt et. Den Interessi ass awer vill méi grouss. Eleng an der éischter Stonn hunn iwwer 3.600 Leit eng Demande gemaach, fir de Poopst live ze erliewen. Bis an de spéide Méindegmëtteg era waren et der wäit iwwer 7.000.

D’Lous wäert mussen decidéieren. Nächste Méindeg kréien d’Leit Bescheed gesot, ob et geklappt huet oder net. An der Tëschenzäit lafen d’Preparatioune weider.

Keng Mass, ma dofir Treffe mat Gleewegen

Et war eng immens Iwwerraschung, datt de Poopst op Lëtzebuerg kënnt, seet de Generalvikar Patrick Muller. A gutt dräi Wochen kënnt de Poopst also fir gutt aacht Stonnen an de Grand-Duché, donneschdes, de 26. September. Duerno geet et weider geet op Bréissel.

Bis ewell hu sech e puer Dausend Leit gemellt fir eng vun den 650 Plazen fir de Grand Public an der Kathedral. 400 Still sinn an der Kierch selwer an 250 an engem Zelt am Bannenhaff. Wie keen Ticket fir d’Kathedral kritt, kann de Poopst zum Beispill an der Mëttegstonn am “Papamobil” duerch d’Stad erliewen.

“Et huet een d’Méiglechkeet de Poopst bei sengem Tour duerch d’Stad ze gesinn (12h45-13h15), iwwert de Public Viewing, deen och duerch d’Gemeng op der Kinnekswiss an op der Paräisser Plaz wäert installéiert ginn, an natierlech och iwwert RTL, déi alles live iwwerdroen.”

An der Kathedral ass de Poopst vu 16.30 Auer un, an dat fir genee eng Stonn. Hie gëtt an der Ënneschtgaass mam Rollstull era gefouert, hält ënner anerem eng Ried, geet och eraus op de Parvis a mécht en Tour duerch d’Zelt, erkläert de Generalvikar Patrick Muller.

“Et ass net eng Mass, wat ee jo oft erwaart a wat och 1985 de Fall war, wéi de Jean Paul II hei war. Mä déi Zäit hu mer éischtens net. 1985 hate mer de Poopst och zwee ganzer Deeg hei, elo ass e gutt aacht Stonnen hei. De Poopst hei ass och 87 Joer al, dat geet alles e bësse méi lues.”

Trotzdeem profitéiert een dovunner, fir mam Poopst zesummen de Muttergottesjubiläum vu 400 Joer unzefänken. Traditionell gëtt et fir de Poopst och e Kaddo.

“Mir hunn elo keen deieren Objet, dee mer him wëlle mat ginn, mee mir sammele Spende fir seng Aumônerie, fir seng karitativ Wierker. Dir wësst, de Poopst huet och ronderëm de Saile vun der Péitersplaz Duschen an Iessausdeelung organiséiert fir déi Obdachlos.”

De Poopst Franziskus soll also als Kaddo e Scheck kréien, fir déi gutt Wierker zu Roum an an der Welt. Nach kann ee spenden (irmine.lu). 150.000 Euro wëll een zesumme kréien.

Back to Top
CIM LOGO