Serie Independanten: Deel 6Vum Konscht-Restaurateur zum Pizzaiolo

Claudia Kollwelter
Wat ass d’Motivatioun vu Leit sech selbststänneg ze maachen? Wat muss ee mat sech bréngen a wat sinn déi gréisst Erausfuerderunge fir en Independant?
© Claudia Kollwelter

Deene Froe gi mer dës ganz Woch an enger Serie no, an där mer mat verschiddene Leit geschwat hunn, déi sech zanter 2023 selbstänneg gemaach hunn.

Serie Independanten - Deel 6 / Rep. Claudia Kollwelter

An der Foussgängerzon zu Iechternach ass zanter Ufank vum Joer eng nei Pizzeria op. Déi jonk Koppel, déi sech an dës Aventure lancéiert huet, huet e speziellt Konzept. Am leschten Deel vun eiser Serie iwwert Independante war d’Claudia Kollwelter de Pizzaiolo a seng Kiche besichen.

De Marco Prandina ass eigentlech Konscht-Restaurateur. Wéi hien a seng Fra gesinn hunn, datt e Lokal direkt nieft hirer Wunneng zu Iechternach fräi stoung, hu se sech allebéid gesot: wisou net eppes Neies probéieren?

Ech hu mer dunn alles selwer bäibruecht, autodidaktesch. An ech hu mech ëmmer scho fir gutt Iessen interesséiert an konnt och scho gutt kachen, mat gudde Produiten. An d’Zil, wat mer eis gesat hunn, war et de Leit gutt Iessen ze maachen.”

Moies fréi scho steet de Marco Prandina a senger Kiche fir alles ze preparéieren. Zwee Deeg am viraus gëtt den Pizzadeeg gemaach. Eng traditionell Pizzeria ass et awer net:

“Et si keng ronn Pizzaen, mee Placke vu 40 op 60 cm. D’Leit kënne sech dann e Stéck auswielen. Den Deeg ass och méi deck a kënnt éischter un eng Foccacia erun. Wann d’Leit heihi kommen, kënne se also verschidde Variatioune vu Pizza schmaachen.

Dat kreéieren a maache wat ee wëll - déi Fräiheet vun der Kreatioun ass fir de Marco Prandina dat Positiivst un der Selbststännegkeet. Ma et verlaangt vill Disziplin an ass vill Aarbecht. An engem Joer wëll en en éischte Bilan zéien.

“Mir hunn awer keng Angscht, well mer kee grousst Investissement gemaach hunn. Ob et klappt oder net, mir hu näischt ze verléieren. Meng Fra schafft och nach, wat eis och eng Sécherheet gëtt.”

De Marco Prandina hofft elo nach zousätzlecht Personal fir säi Lokal ze fannen. Wat allerdéngs net evident wier, mee ouni dat et awer op laang Dauer net géif klappen.

Serie Independanten - Deel 1: Wéi vill Leit maache sech nach selbststänneg an a wéi enge Beräicher?
Serie Independanten - Deel 2: Zwee jonk Architekte lancéiere sech an e neie Projet
Serie Independanten - Deel 3: “Eemol selbststänneg, ëmmer selbststänneg”
Serie Independanten - Deel 4: Vun der Chef-Receptionnistin zur Yoga-Proff
Serie Independanten - Deel 5: Zwou optimistesch Frae maachen e Bar op

Back to Top
CIM LOGO