
Dësen Dënschdeg gesi sech d’Ministere Spautz, Deprez an Delles mat de Sozialpartner fir iwwer de Mindestloun ze diskutéieren. Um Dënschdeg de Moie war et schonn um Patronat, d’Gewerkschaften sinn am Nomëtten drun. D’Gewerkschafte fuerdere scho méi laang eng strukturell Upassung, d’Patronat seet, datt eng Mindestlounerhéijung net ze droe wier.
De Mindestloun ass rezent nees an de Fokus vun den Diskussioune gerutscht: Eng EU-Direktiv fuerdert ënnert anerem, datt de Mindestloun bei 60% vum Median-Salaire oder bei 50% vum Duerchschnëtts-Salaire soll leien. Der OECD no louch de Mindestloun 2023 hei zu Lëtzebuerg bei 57% vum medianakommes, a 45% vum Duerchschnëtt. Ma och wéinst de klammende Liewenskäschten gëtt scho méi laang iwwer eng Mindestlounerhéijung geschwat.
Wéi vill Leit kréien dann de Mindestloun aktuell a bei wéi vill läit en?
Stand Mäerz 2022 hu ronn 65.000 Leit de Mindestloun, sief dat qualifizéiert oder onqualifizéiert, verdéngt. Den onqualifizéierte Mindestloun läit aktuell bei ronn 2.700 Euro, de qualifizéierten bei 3.240 Euro. Dës Zuele sinn allerdéngs net a Steen gemeesselt: De Mindestloun gëtt reegelméisseg duerch zwee separat Mechanismen ugepasst. Zum engen ass dat den Index, duerch deen d’Léin automatesch gehuewe ginn. Op der anerer Säit gëtt et all zwee Joer eng Upassung, déi vum Gesetz virgesinn ass. Ofgesinn dovu wéi sech d’Wirtschaft an déi aner Léin entwéckelen, gëtt de Mindestloun adaptéiert. Den Aarbechtsminister Marc Spautz huet nach e Samschden am Interview mam Lëtzebuerger Wort confirméiert, datt d’Berechnunge vun der IGSS eng Erhéijung vun 3,8 % op den 1. Januar 2027 virgesinn.
Wat fuerderen Gewerkschaften a Patronat?
Dës automatesch Adaptatioune ginn de Gewerkschaften awer net duer, d’Gewerkschafte fuerderen nämlech eng strukturell Upassung vum Mindestloun. Hire Berechnungen no misst den onqualifizéierte Mindestloun ëm 12,7%, also ëm ronn 300 Euro de Mount gehuewe ginn. Dat läit also wäit iwwer den Adaptatiounen, déi scho virgesi sinn, ebe wéi grad erkläert iwwer d’Gesetz oder och den Index. D’Zeitung Lëtzebuerger Land hat jo gemellt, datt d’Regierungsparteien déi gesetzlech Mindestloun-Erhéijung vun 3,8% ugeholl hätten an domat also dovun ausginn, datt een esou de Seuil vun der EU-Direktive géif erreechen. Op enger Pressekonferenz leschte Freiden hunn d’Gewerkschaften awer ënnerstrach, datt dat net géif duergoen, an dat Virgoen vun de Regierungsparteien och onseriö genannt. De Mindestloun wier hinnen no net héich genuch, fir sech hei zu Lëtzebuerg een anstännegt Liewen ze leeschten. E géif de Referenzbudget vum Statec zum Beispill net ofdecken, dat géifen och déi klammend Zuelen vun de sougenannte Working Poor weisen. Also déi Leit déi trotz Aarbecht am Aarmutsrisiko sinn.
De President vun der Union des Entreprises Michel Reckinger huet no de Gespréicher en Dënschdeg de Moien um RTL-Mikro ënnerstrach, datt eng Mindestloun-Erhéijung net ze droe wier:
Michel Reckinger: “Et kann een all eenzele Secteur kucken, wou de Mindestloun bezuelt gëtt an dee Secteur analyséieren, fir ze kucken, ob et adequat ass, fir haut de Mindestloun ze erhéijen. Mir soen Nee. Dat heescht, wann e gären eppes wëll maachen, fir dass et de Leit besser geet, da kann een de Leit direkt hëllefen. Ech mengen déi Méiglechkeete ginn et jo, awer et kann net op de Schëllere vun deene Betriber sinn, déi haut schonn mat dem Iwwerliewen kämpfen.”
Besonnesch d’Handwierk oder och den Horesca-Secteur hätten et elo scho schwéier. D’Federation des Artisans ass virun zwou Wochen esou guer esou wäit gaangen an huet d’Ofschafen vum qualifizéierte Mindestloun gefuerdert.
De Michel Reckinger huet erkläert, datt een haut an den Diskussiounen iwwer d’Krittäre geschwat hätt no deenen Upassunge vum Mindestloun solle berechent ginn. Esou soll déi wirtschaftlech Situatioun vum Land, de Betriiber an och de Leit no deene Krittären evaluéiert ginn, esou wéi d’EU-Direktive dat virgesäit. An enger Tripartite sollen d’Sozialpartner dës Evaluatiounen auswäerten an eng Upassung festleeën.