Beim Feier zu Wickreng waren d’Pompjeeë vu Suessem-Déifferdeng am séiersten op der Plaz. En Einsatz-Leit-System rechent ëmmer aus, wéi een Zenter am séierste kann op der Plaz vum Brand sinn.
100 Kasäre ginn et uechtert Land. Et ginn eppes Klenges manner ewéi 700 Beruffspompjeeën a bal 4.000 Fräiwëlleger, op déi de CGDIS kann zréckgräifen. Déi kleng Kasäre si meeschtens net besat. Hei mussen d’Pompjeeë gepiipst ginn.