ACA PyrotechnikWéini spillen Assurancë bei der Lagerung vu geféierleche Gidder?

Annick Goerens
Mir hu bei der Associatioun vun den Assurancen nogefrot, wat d'Konditioune sinn, fir dass d'Assurance bei engem Tëschefall nach gräift.

Am August gouf et e Feier am Süde vum Land an engem Haus, an deem eventuell och Pyrotechnik, also Knupperten a Freedefeier solle gelagert gewiescht sinn. Ganz allgemeng wollte mir dofir wëssen: Wat ass iwwerhaapt legal? Wéini spillen d’Assurancë bei der Lagerung vu geféierleche Gidder?

Virop muss ee fir d’éischt mol den Ënnerscheed maachen tëscht enger professioneller Aktivitéit an engem Privatstot. De Verkaf an och de Besetz vu pyrotechneschem Material a Knupperten ass fir Privatleit doheem ganz streng reglementéiert, erkläert de Marc Hengen, Direkter vun der ACA, der Associatioun vun den Assurancen.

“Ech mengen, dass een do och muss eng raisonnabel Approche hunn a soen, wann een elo nach 5 Knupperten huet, déi een net huet kënne legal ofschéissen an déi doheem stockéiert, da kann dat consideréiert ginn als een normale Stot. Natierlech wann dat elo Këschten a Këschten voll sinn, da mengen ech net, dass een ënnert sou eng Toleranz ka falen an dass ee sech da fënnt an engem Fall vun illegaler Detentioun.”

Wann een ze vill gelagert huet an eppes geschitt an dat pyrotechnescht Material zum Beispill d’Ursaach ass fir e Feier, da kéint d’Assurance soen, dass si net wäert dofir opkommen. Wéi gesäit et dann aus mat anere brennbare Substanzen? Zum Beispill Bensinn fir d’Méimaschinn?

“Ech kennen elo keng gesetzlech oder reglementaresch Limitt an Zuel vu Literen. Déi meescht Versécherungsbedéngungen, déi gesinn och vir, dass e raisonnabele Besëtz mat gedeckt ass. Bensinn ass een dovunner, fir d’Méimaschinn. Do ginn ech éischter dovun aus, dass wann dat elo ee Kanister ass, dass dat toleréiert ass. An et sinn jo och nach aner brennbar Saachen, déi ee legal an engem Haus kann hunn: Al Heizungen, déi nach mat Masutt fonctionéieren oder Gas. Mä och do ass et eben reglementéiert, wéi d’Installatiounen da musse gemaach- an ënnerhale ginn.”

Och de Besëtz vu Waffe wier streng reglementéiert.

“Déi mussen agespaart sinn an d’Munitioun net bei Waffe gelagert sinn. Do gëllt och déi legal Detentioun. Natierlech muss een e Permis hunn, dat ass eng Viraussetzung, fir dass dat och [iwwer d’Assurancen, ndlr.] gedeckt ass.”

Allgemeng soll een och net zécken, fir eenzel Froe mat sengem Agent ze klären, sou den Direkter vun der ACA, Marc Hengen.

Pyrotechnik huet gebrannt: Gréissere Pompjeesasaz zu Monnerech wéinst Feier (13.8.24)

Back to Top
CIM LOGO