FinanzministèreZe fréi, fir d'Diskussiounen iwwert d'Immobiliekreditter ze kommentéieren

RTL Lëtzebuerg
D'Bankenassociatioun ABBL an de Finanzministère diskutéieren aktuell nach ëmmer iwwert déi Mesuren, déi beim Logementsdësch proposéiert goufen.
© AFP

Nom Logementsdësch Enn Februar sinn d’Bankenassociatioun ABBL an de Finanzministère am Austausch, fir ze kucken, wat d’Banke kënne maachen, fir datt méi Wunnenge gebaut ginn. Wéi de Finanzministère op Nofro hi matgedeelt huet, gëtt nach ëmmer iwwert déi selwecht Mesuren oder Pisten diskutéiert, déi um Logementsdësch an d’Spill bruecht gi waren.

Engersäits d’Fro, ob dat eegent Kapital, dat fir e Prêt muss opbruecht ginn, eng aner Form ewéi Cash kéint sinn. Anerersäits ewéi vill Wunnenge beim Bau vu Residenzen um Plang scho musse verkaf sinn, fir de Kredit ze deblockéieren. Aktuell sinn do 80 Prozent gefrot. Et wier allerdéngs nach ze fréi, fir doriwwer ze kommentéieren, esou de Finanzministère.

De Ministère confirméiert awer och, datt d’Iwwerwaachungskommissioun vun der Finanzplaz CSSF un den Diskussioune bedeelegt ass. Si iwwerpréift d’Konformitéit vun den eventuelle Mesurë mat europäesche Reegelen an ob d’Finanzstabilitéit an d’Risikoreegele vun de Banke respektéiert ginn.

Vun der ABBL huet et geheescht, d’Gespréicher wiere konstruktiv. Nom Logementsdësch Enn Februar war festgehale ginn, datt déi verschidden Aarbechtsgruppen – dorënner och deen iwwert d’Vereinfachung vun de Prozeduren, bis Enn Mee konkret Propositiounen op den Dësch leeë misst. D’Regierung géing dann decidéieren, wéi eng Propositioune sollen ëmgesat ginn, respektiv op den Instanzewee goen.

RTL-News: Méi séier bauen - Méi Flexibilitéit bei den Immobiliëprêten?
Background am Gespréich vum 23. Mäerz - Friederici, Eicher, Nathan a Kuhn - Prozeduren am Bau: “Pabeiertiger” an Acteurszuel reduzéieren oder harmoniséieren

Back to Top
CIM LOGO