
Déi gesichte Persoun hätt sech géint 15.20 Auer enger Policekontroll entzunn a wier op der Héicht vun der Areler Strooss a Richtung Stadzentrum fortgelaf, esou d’Police op Nofro. Et war den Opruff vun der Police, kee mam Auto matzehuelen.
D’Police huet géint 17.20 Auer an hirem Policebulletin preziséiert, et wier am Nomëtteg zu engem Virfall komm, nodeems zwou Persounen an engem Auto probéiert hunn, sech enger Kontroll ze entzéien. Op der Flucht wiere si an e Policewon gerannt, woubäi zwee Beamte blesséiert goufen.
Eng Persoun konnt direkt gestallt ginn a gouf op Uerder vum Parquet festgeholl, ma no der zweeter Persoun gouf gesicht. Géint 20 Auer huet d’Police matgedeelt, datt d’Sich negativ verlaf ass an datt Ermëttlungen an d’Weeër geleet goufen.

De CGDIS huet a sengem Bulletin och een Accident op där Plaz gemellt, an deem dräi Persoune blesséiert goufen. Eng Ambulanz an e Samu waren op der Plaz.
Et war am Nomëtteg och eng LU-Alert zu der Sich no der verdächteger Persoun erausgaangen, dat mat der ‘“Wachsamkeitsstufe Orange”.
