
Deene Froe gi mer dës ganz Woch an enger Serie no, an där mer mat verschiddene Leit geschwat hunn, déi sech zanter 2023 selbstänneg gemaach hunn.
“Ech sot mer ëmmer: Wann ech eemol d’Méiglechkeet hunn, da maachen ech gär e Café op!”, seet d’Nora de Paoli am Kader vun eiser Serie iwwert Independanten. Zesumme mam Catherine Pleimling huet si hiren Dram verwierklecht a virun annerhallwem Joer e Bar an der Uewerstad opgemaach. Dem Claudia Kollwelter huet se awer och erkläert, datt dat alles just duerch gewëssen Ëmstänn méiglech war an ass.
D’Nora de Paoli an d’Catherine Pleimling hu sech duerch hir Aarbecht an den Immobilie kennegeléiert. Hirer Geschäftspartnerin hire Mann ass Proprietär vum Lokal, an deem se haut installéiert sinn. Wéi dëst eidel stoung, huet d’Nora de Paoli d’Iddi einfach mol an de Raum geheit, e Bar do opzemaachen. Aus enger Iddi ass du Realitéit ginn. Sech komplett an d’Selbststännegkeet geheie war awer keng Optioun an d’Nora de Paoli, déi Joffer ass, huet mol Congé sans solde geholl:
“Ganz ënnerlech hoffs de jo dann och, gell, du stéchs esou vill Zäit an Energie do dran an du hoffs jo dann och e bëssen, dass et esou gutt geet, dass de vläicht nach zwee Joer Congé sans solde kanns huelen an der Schoul, oder dass de vläicht guer net méi muss zréckgoen. Mee do muss ech awer éierlech soen, hunn ech awer no engem Joer geduecht, nee och wann et elo eng Kéier esou gutt géif goen, dass ech eigentlech net méi misst zréck an d’Schoul goen, ech géif awer ni de Risiko huelen, well et kann haut mega gutt goen an et ka muer erëm mega schlecht goen.”
De Wee bis bei d’Ouverture war sportlech:
“Also et war elo näischt, wat mech elo aus der Bunn gehäit, oder wou s de gesot häss, bon komm, mir loossen et sinn, mir maachen dat elo net, well et ass ze schwéier. Sou dramatesch war et net. Mä et war eeben och ëmmer e bësse sportlech fir eis, well dee Moment hunn ech jo och nach an der Schoul geschafft, an dann has de och net ëmmer Zäit, fir dech wierklech domadder auserneen ze setzen, an dann hues de dat sou séier dertëschent gemaach.”
Et misst een an den Ae vum Nora de Paoli positiv un d’Saachen erugoen a si an hir Geschäftspartnerin wieren optimistesch:
“Ech menge souwuel d’Catherine wéi och ech, mir sinn allen zwee ganz positiv Mënschen. Mir sinn elo och déi, wann elo an zwee, dräi Joer mer musse soen: d’Iddi war cool, mee leider klappt dee ganze Setting net, et leeft net wéi et soll, an da géifs de zou maachen. Mir sinn elo net déi zwee, wou dann de Kapp an de Sand stiechen an da soen: elo ginn ech net méi virun d’Dier. Ech mengen, mir sinn dann déi, wou soen: ‘Okay, komm mir sichen eng nei Iddi, mir fannen eppes Neies’.”
A genee deen Optimismus wier och néideg als Independant, huet d’Nora de Paoli nach betount.
Serie Independanten - Deel 1: Wéi vill Leit maache sech nach selbststänneg an a wéi enge Beräicher?
Serie Independanten - Deel 2: Zwee jonk Architekte lancéiere sech an e neie Projet
Serie Independanten - Deel 3: “Eemol selbststänneg, ëmmer selbststänneg”
Serie Independanten - Deel 4: Vun der Chef-Receptionnistin zur Yoga-Proff