Den Elon Musk wëll de Mars koloniséieren, Saudiarabien plangt sengersäits eng linear Stad fir 9 Milliounen Awunner an der Wüüst.

Eng futuristesch Stad, déi just 200 Meter breet wier, dofir awer 170 Kilometer laang a 500 Meter iwwert dem Mieresspigel. De Projet geet schonn op e puer Joren zeréck, mä de saudesche Krounprënz Mohamed Bin Salman - international staark kritiséiert wéinst dem Mord vum Journalist Khashoggi - huet de Projet vun der linearer Stad dës Woch presentéiert. Wéi mer gewinnt si bei alle futuristeschen Iddien, gëtt en Internetsite gemaach, wou pompös Videoen mat dramatescher Musek ze gesi sinn, wéi en Trailer fir e Science-Fiction-Film. An eng Stëmm déi kommentéiert: "Dir gesitt Wüüst. Mir gesinn Opportunitéit. Dir gesitt d’Sonn. Mir gesinn Energie, déi ni ausgeet. Dir gesitt antikt Land. Mir gesinn d'Welt vu muer. Dat ass Neom».

Neom ass d’Gesamtkonzept, fir aus enger Géigend, déi 10 Mol esou grouss ass ewéi Lëtzebuerg, eng gréng Géigend ze maachen, déi Saudiarabien onofhängeg vun de Pëtrolsexporter géing maachen. Nieft "The line" sinn ënnert anerem déi gréisst kënschtlech Insel op der Welt, e Stau a Skiresort an de Bieger an een industriellen Hub virgesinn.

D’Maquetten oder digital Representatioune vum Projet weisen ee laange Stréch deen duerch d’Wüüst vu Saudiarabie a bis an dat Rout Mier geet. Déi Linear Stad ass ewéi ee laange Spigel mat Gréngs um Daach. Banne sinn et lénks a riets grouss Appartementsgebaier mat Passerellen a vill Park iwwerall. Well d’Designer vum Projet bretze sech, datt am Géigesaz zu de Stied vun haut, wou d’Leit ëmmer méi am Trafic stiechen, an der linearer Stad d’Leit kënnen an aller Rou spadséieren. Keng Autoen, mä just Schnellzich. Jo, well d’Stad vun der Zukunft wier en neie Model fir nohaltegt Liewen, Schaffen a Wuelstand, behaapten d’Designer. Null CO2 a just Photovoltaik a Wandmillen a Liewensmëttel aus vertikale "Farms".

Fir de Projet ze finanzéieren, gouf e staatleche Fong mat 500 Milliarden Petro-Dollar opgestallt, bei déi saudesch an auslännesch Investisseuren dobäikommen. D’Aarbechten hunn och schonn ugefaangen a solle schonn 2030 ofgeschloss sinn. Wéi een och scho gewinnt ass, wa grouss Projeten op der arabescher Hallefinsel gebaut ginn, gouf et scho Meldungen, ënnert anerem vum brittesche Guardian, datt dausenden Aarbechter onmënschlech behandelt ginn. An dat alles fir e Projet, wou ee muss wierklech ganz vill Imaginatioun hunn, fir ze gleewen, datt en tatsächlech Realitéit gëtt. A wann et de Fall wier, ob en dann tatsächlech soll ekologesch sinn, déi Fro stellt sech d'BBC. Saudiarabien spillt jo bei Verhandlungen d’Klimakris och wéi et heescht ëmmer nees erof.

Futuristesch Stad a Saudiarabien / François Aulner