All 10. Persoun soll esouguer iwwerleeën, e Prêt unzefroen, fir iwwert de Wanter ze kommen, geet aus enger Ëmfro vu Savanta ComRes ervir.

23% vun de Britten hu wëlles, hir Heizung wéinst den héije Stroum- a Gaspräisser dëse Wanter net unzemaachen. Bei de Stéit mat mannerjärege Kanner sollen et esouguer 27% sinn, geet aus enger Enquête vum Fuerschungsinstitut Savanta ComRes ervir, déi an Optrag vun den oppositionelle Liberaldemokrate duerchgeféiert gouf.

Déi meescht Britten (70%) wëllen hir Heizung manner heefeg eropdréien, heescht et weider. All 10. Persoun (11%) géing a Betruecht zéien, e Prêt unzefroen, fir iwwert de Wanter ze kommen. Och hei fält den Undeel bei de Leit mat Kanner däitlech méi héich aus mat ganzer 17%.

Iwwer 2.000 Erwuessener goufen am Kader vun dëser Ëmfro befrot, éier Ofgem den ieweschte Plaffong vun de reglementéierten Tariffer e Freideg ëm 80% gehéicht hat.

Déi liberaldemokratesch Partei huet gewarnt, dass Famillje gezwonge wieren, "häerzzerräissend Entscheedungen" ze treffen. Et wier "en nationale Skandal, dass Eltere wiele mussen, ob si hiert Doheem hëtzen oder hir Kanner ernären", sou d'Partei-Expertin Christine Jardine.

De Premierminister Boris Johnson hat e Sonndeg annoncéiert, dass déi nei Regierung viraussiichtlech de 6. September zesummekënnt a wäitreechend zousätzlech Hëllefen aféiere wäert, fir d'Awunner z'entlaaschten. Weider Detailer huet hien awer net genannt.