Rosene Mann flitzt mam Scooter iwwer de Futtballterrain

© Screenshot
Bei engem hollänneschen Amateurmatch am Futtball koum et zu engem méi ongewéinlechen "Flitzer".
Do ass nämlech an der 63. Minutt beim Match tëscht Veenhuizen a Vitesse op eemol e Mann op engem Scooter iwwer de Futtballterrain gefuer. Wéi sech erausgestallt huet, war de Mann rosen, well seng Päerd vun engem Freedefeier vun de Spectateuren erféiert gi sinn.
De betraffene Mann huet géigeniwwer RTV Drenthe erkläert: "Meng Duechter ass schonn eemol vun engem Päerd gefall, esou datt eng Ambulanz huet misse kommen. Wéi d'Päerd elo vum Freedefeier erféiert goufen, sinn d'Emotiounen héich komm."
De Veräin weist sech iwwerdeems verständnesvoll, betount awer, datt et fir de Mann an de Veräin e Verloscht ass. Et hätt een d'Freedefeier gemaach, fir d'Ekipp ze ënnerstëtzen. Et hätt een op kee Fall aner Leit wëlle rose maachen an och keng Déieren erféieren, heescht et vum Veräin.