An der franséischer Uertschaft Stenay am Nordoste vum Land koum et e Mëttwoch zu engem méi speziellen Asaz fir d'Rettungsekippen.

Ganzer 40 Mann vun de lokale Pompjeeë waren ugeréckt, fir eng Fra vun 391 Kilo an d'Spidol kënnen anzeliwweren. Fir d'US-Amerikanerin iwwerhaapt kënnen an d'Spidol ze kréien, hunn déi franséisch Rettungsekippe missten eng speziell equipéiert Ambulanz fir schwéier Transporter bei hire Kolleegen aus der Belsch ausléinen.

Zanter 20 Joer lieft d'Amerikanerin, déi am Ufank medezinesch Hëllef refuséiert hat, an der klenger Uertschaft, net wäit vun der Lëtzebuerger a Belscher Grenz ewech. D'Rettungsekippen hu missen eng Mauer am éischte Stack vun hirem Wunnhaus arappen a Lächer an de Plaffong bueren, fir d'Fra aus hirer Wunneng kënnen ze evakuéieren.