
De Mann, dee sech online “Toco” nennt, weist op sengem Youtube-Kanal, wéi hien a sengem Kostüm Cola drénkt, Tricke mécht, a bausse spadséiere geet.
De Video, an deem hien a sengem Kostüm déi éischte Kéier an der Ëffentlechkeet ënnerwee war, ass antëscht scho 6,3 Millioune Mol ugeklickt ginn. An engem anere Video huet hie seng Grënn hannert der ongewéinlecher Decisioun, sech an en Hond ze verwandelen, genannt. Vu Klengem u schonn hätt hien ee “vagen Dram gehat, een Déier ze ginn.” “Wou ech deen Dram erfëllt hunn, ass dat hei dobäi erauskomm.”
Hien hätt sech fir ee Border-Collie-Kostüm entscheet, well de Gréisstenënnerscheed vun där Zort Hond op de Mënsch net esou grouss wier. Seng Frënn a seng Famill wëssen allerdéngs net all ze vill iwwert säin ongewéinlechen Hobby. “Ech erzielen et seele menge Frënn, well ech Angscht hunn, si kéinte mech fir komesch halen.” Virun allem seng Aarbechtskolleege sollten awer kee Wand vu sengen Aktivitéite kréien, esou datt hie säi Gesiicht a senge Videoen ni weist.