De Journalist Jaime Maussen huet en Dënschdeg zwou Këschte mat anscheinend mumifizéierten Aliens am mexikanesche Parlament presentéiert.

Et wieren Iwwerreechter vun "net-mënschleche Wiesen", esou de Maussen. Organiséiert gouf dës Unhéierung vum Sergio Gutierrez, selwer Member vum Parlament, well dëst vun ëffentlechem Interessi wier. Hien huet de Maussen och opgefuerdert, datt dëse schwiert, d'Wourecht ze soen.

"Et sinn net-mënschlech Wiesen", esou de Journalist. "Mir wëlle si awer net als Ausserierdescher bezeechnen, well mer et net wëssen". Weider huet hien uginn, datt d'Mumien a Peru entdeckt goufen. Spezialiste vun der Nationaler Universitéit vu Mexiko hätte se mat "Radiokarbonmiessungen" op en Alter vu ronn 1.000 Joer geschat.

RTL

Dat gouf och vun der Universitéit confirméiert. An der Erklärung huet et awer och geheescht, datt ee just Tester gemaach huet, fir den Alter ze bestëmmen. Net awer, fir erauszefannen, wou d'Exemplairen hierkommen. De Laboratoire vun der Uni huet sech vun all "spéiderer Verwendung, Interpretatioun oder Falschduerstellung vun deene vun hinne publizéierte Resultater" distanzéiert.

Am Internet huet dës Presentatioun am Parlament fir vill lëschteg Commentairë gesuergt. Op X huet eng Persoun geschriwwen, datt dëst géif weisen, wéi dëst Land d'Wëssenschaft veruecht. Fir verschiddener war et och de Beweis, datt d'Marsmënsche gelant sinn, respektiv gouf proposéiert, den Jaime Maussan zum "President fir intergalaktesch Bezéiungen" ze maachen.