Gepanscht & gefälschtMilliarde-Business mam Hunneg zitt och Krimineller un

RTL Lëtzebuerg
An der EU gëtt méi Hunneg giess wéi produzéiert. 63 Prozent vum Hunneg kommen dohier aus Drëttlänner, dorënner China, Ukrain, Argentinien oder Mexico.
D'Tricke mam gefälschten Hunneg
Ëmmer méi dacks kënnt et fir, datt Hunneg mat anere Substanze manipuléiert gëtt. Kann esou ee “gestreckten” Hunneg och zu Lëtzebuerg am Commerce landen?

Bei engem rezente Rapport vun de EU-Kommissioun koum eraus, datt vun 360 Prouwen, déi vun esou Import-Hunneg geholl goufen, bei 46 Prozent Zockersirop bäigemëscht gouf. Kéint esou e gefälschten, respektiv gepanschten Hunneg aus Drëttlänner och zu Lëtzebuerg am Commerce landen? Wéi eng Kontrolle ginn hei am Land gemaach? Ob wat kann de Konsument selwer beim Akaf oppassen, fir net op dësen Hunnegbedruch eranzefalen, a wat soen d’Imker dozou, dat elo kriminell Banden hir éierlech a wäertvoll Aarbecht a Verruff bréngen. Äntwerten am Video-Reportage!

Back to Top
CIM LOGO