E groussen Afloss war tatsächlech an der Kandheet Jurassic Park. Ma d'Faszinatioun fir Dinosaurier a Fossilien hält beim Ben Thuy bis haut un.

Mir treffen de Paleontolog vum Naturmusée an engem Steebroch zu Konstem. Normalerweis gëtt hei Schifer ofgedroen. De Ben a seng Ekipp interesséiere sech awer virun allem fir dat, wat een an deem ronn 410 Milliounen ale Gestengs fanne kann. Si hunn nämlech eng Schicht fonnt, an där sech ganz vill Fossilie befannen. Wärend zwee Deeg hu si versicht, systematesch esou vill ewéi méiglech Fossilien aus dem Steen erauszehuelen. Deementspriechend gëtt et op esou enger Ausgruewung dann och net wierklech e klasseschen Aacht-Stonnen-Dag, mä et gëtt esoulaang gegruewen a gesicht, ewéi d'Wieder et erlaabt.

Ma wéi kënnt een zu dësem dach éischter ongewéinleche Beruff. Wéi de Ben erkläert huet bei him alles an der Kandheet ugefaangen. De Film Jurassic Park wier tatsächlech e ganz wichtegen Afloss gewiescht. Deen hätt d'Faszinatioun fir Dinosaurier - wéi et se bei ville Kanner géif - bei him nach eng Kéier richteg ugedriwwen. Ma tëschenduerch hätt d'Begeeschterung awer ëmmer nees geschwankt. Et wiere Momenter ginn, an deenen hien Zweiwel gehat hätt, ob Paleontologie wierklech de richtege Choix war oder anerer, an deenen Erwuessener him gesot hätten, hie soll et si loossen, well et souwisou näischt géif ginn.

RTL

De Ben Thuy bei enger Ausgruewung zu Nidderkäerjeng. / © MNHNL

Ma am Endeffekt huet de Ben Thuy - wéi hien et a sengen eegene Wieder erkläert - "et duerchgezunn" an hätt et bis haut nach net bereit. No engem ofgeschlossenen Diplomstudium (equivalent zum aktuelle Master) an der Geologie, wollt hien an d'wëssenschaftlech Fuerschung goen an huet deementspriechend nach en Doktorat an der Paleontologie gemaach.

Och wann de Gros vun der paleontologescher Aarbecht net um Terrain ofleeft, mä aus Fuerschungsaarbecht besteet, déi a groussen Deeler hannert dem Computer - also dobannen - passéiert, muss et dach eppes ginn, dat een undreift, fir bei Reen a schlechtem Wieder an e Steebroch ze goen a Steng opzeklappen. Fir de Ben ass dat faszinant u sengem Beruff, eppes ze entdecken, wat virdrun nach keen anere Mënsch gesinn huet. Dës Faszinatioun, fir zum Beispill eng nei Welt oder en Déier, dat virdrun onbekannt war, ze fannen, wier quasi ugebuer. Ma op enger Ausgruewung kéint ee se mat de Leit, déi mat engem zesumme gruewen, deelen.

De Ben Thuy huet dann och scho ganz vill flott berufflech Momenter erlieft. Besonnesch schéi wiere Momenter, an deenen ee gesäit, dass dat, wat ee mécht, en Afloss huet, respektiv eng Spuer hannerléisst. Dat kéint zum Beispill e Kand sinn, dat faszinéiert ass, well et an engem Workshop eppes Neies gesinn a geléiert huet. Eppes anescht, wat enorm motivant wier, wann e Fuerschungsresultat eng Spuer hannerléisst, dann an en Uniscours agebaut gëtt an esou d'Siicht op d'Welt verännert. Dat wieren déi Momenter, wou ee soe géif, "Ok. Et mécht een et net fir näischt." E Fuerschungsresultat vum Ben senger Ekipp ass dann och tatsächlech a wëssenschaftlech Bicher gepackt. Duerch hir Aarbecht mat winzege Fossilien, déi op den éischte Bléck no net vill ausgesinn, konnte si noweisen, dass "d'Tiefsee" engersäits enorm al, an anerersäits och eng Plaz ass, op där nei Saachen entstinn. Dësen Dualismus wier laang ëmstridde gewiescht. Ma duerch d'Erkenntnisser, déi de Ben a seng Ekipp gewonnen hunn, gouf zejoert e Wëssenschaftsbuch publizéiert, an deem deen Dualismus als Fakt drasteet.

RTL

De Ban Thuy zesumme mat senger Fra, der Paleontologin Lea Numberger. / © Jan Söfer

Rezent gouf de Ben fir seng Aarbecht dann och mam renomméierte Grand Prix en Sciences Géologiques vum Institut Grand Ducal, dem sougenannte Prix Feidt ausgezeechent. E Präis, iwwert deen hie sech ganz ouni Fro freeë géif. Hie géif seng Aarbecht zwar net am Hibléck op esou Präisser maachen, mä trotzdeem géif hien de Präis als eng Zort Bestätegung dofir gesinn, dass d'Aarbecht, déi bis ewell geleescht gouf, guttgeheescht gëtt. Virun allem wier de Präis awer en Usporn, fir weider ze schaffen an nach méi wäit ze kommen.

Apropos "Nach méi wäit kommen": Wat huet de Ben Thuy dann nach op senger berufflecher Bucket List stoen? Bei dëser Fro kënnt de Paleontolog kuerz un d'Zécken. Mat engem Grinsen am Gesiicht erkläert hien, dass hie sech iwwert dës Fro nach keng Gedanke gemaach hätt. Villes vun deem, wat hie berufflech maache wollt, hätt hien tatsächlech scho gemaach: An der berüümter Taklamakan-Wüst huet hien no Fossilie gesicht, en Dinosaurier huet hie mat ausgegruewen a mam Lorrainosaurus huet hien esouguer engem Dinosaurier en Numm ginn.

RTL

Op enger Ausgruewung an der Taklamakan-Wüst / © Oliver Wings

Ma schliisslech fält him awer nach en Zil an, dat him géing Freed maachen. Et wier flott eppes erauszefannen, dat dozou féiert, dass Kannerbicher missten nei gemoolt ginn. Zum Beispill well en Dinosaurier oder e Mieresreptil géif anescht ausgesinn, ewéi bis ewell geduecht. Dat géif de Ben Thuy witzeg fannen.

Wéi esou eng paleontologesch Ausgruewung funktionéiert, a wat d'Beschäftegung mat Wiesen, déi virun honnerte Millioune Joer, op eiser Äerd gelieft hunn, eis iwwert d'Welt vun haut soe kann, gitt Dir am Videoreportage gewuer.