D'Buergermeeschtesch vu Paräis Anne Hidalgo hat rezent proposéiert, fir d'Réng op d'mannst bis 2028 hänken ze loossen.

D'Nokomme vum Ingenieur Gustave Eiffel hu géint d'Pläng protestéiert, déi olympesch Réng bis 2028 um Eiffeltuerm hänken ze loossen. D'Réng wiere "faarweg a ganz grouss", sou de Veräin vun den Eiffel-Nokommen e Méindeg zu Paräis. Se géingen an der beléifter Siichtachs hänken a se géingen domadder d'Gläichgewiicht vun de renge Forme vum Monument stéieren, sou nach de Veräin.

D'Réng wiere wuel wärend de Spiller um Eiffeltuerm gefeiert ginn, well dat ikonescht Monument eng zentral Roll bei den Olympesche Spiller gehat hätt, ma d'Réng wieren ni Deel vum ursprénglechen Entworf gewiescht, sou d'Myriam Larnaudie-Eiffel, Ur-Ur-Enkelin vum Ingenieur, an engem Interview mat NBC News. D'Famill géing dofir nëmmen erlaben, datt d'Réng bis un d'Enn vum olympesche Joer hänke bleiwen.

Ma net nëmmen d'Famill Eiffel ass géint d'Pläng vun der franséischer Buergermeeschtesch. Et gëtt eng Rei Ënnerschrëftenaktiounen, déi scho vun zéngdausende Leit ënnerschriwwe goufen, an och d'Kulturministesch Rachida Dati ass dogéint. Si huet wësse gedoen, datt den Eiffeltuerm e geschützt Monument wier an dohier bréicht et fir all Verännerung eng Geneemegung.

Olympesch Réng solle fir den Eiffeltuerm nogebaut ginn

Déi fënnef Réng, déi aktuell um Eiffeltuerm hänken, sinn am Ganzen 29 Meter breet a 15 Meter héich a goufe vun ArcelorMittal produzéiert. Well dës awer ze schwéier wieren, fir permanent do ze hänken an de Stierm am Wanter standzehalen, géife se an enger méi liichter Form nogebaut ginn, hat d'Hidalgo matgedeelt. Dëst soll sou séier wéi méiglech geschéien.