Philosophéieren: E Workshop vun der ErwuesseBildung
Eemol am Mount donneschdes, kuerz no 17 Auer huet de Sascha Schlüter Rendez-vous an engem Café, fir mat aneren ze philosophéieren.
D’Nora Schleich vun der ErwuesseBildung huet dëse Projet an d’Liewe geruff. E soll d’Leit ureegen, fir mateneen ze diskutéieren an och Äntwerten op Froen ze fannen. Mat neie Froe ginn och nees nei Äntwerte gesicht, esou huet dann och all Eenzegen hei säin eegene Grond, firwat hien hei ass, respektiv seng Themen, déi hien uschwätze wëllt.
De Sascha schwätzt léiwer vu Saachen, déi ee soss net am Alldag uschwätzt, ma d'Theme sinn awer ofwiesslungsräich a variéieren och all Mount. An dat kann iwwert alles goen. Existenz, Gedanken, Gefiller, Ofdreiwung , Suicide oder aner Themen.
Ob Shakespaer , Aristoteles, Platon, Sokrates, René Descartes, oder Friedrich Nietzsche, fir der nëmmen e puer opzezielen, déi meescht kommen awer heihinner, fir ofzeschalten an hire Gedanke fräie Laf ze loossen ouni beurteelt ze ginn.
Et ass u sech een Owend an enger flotter Gesellschaft, wou fir all Mënsch eppes mat dobäi ka sinn. Zu gudder Lescht ass eent awer sécher: Ob Dir dëst alles gutt oder schlecht fannt, falls der driwwer nodenkt, denkt der jo. An dir wësst: Ech denken, also sinn ech .