Wie muss wiem eng Bretzel schenken?
Net nëmmen ass d'Auer an der Nuecht vun e Samschdeg op e Sonndeg eng Stonn no vir gestallt ginn, mee e Sonndeg ass och Bretzelsonndeg.
Well 2024 e Schaltjoer war, kann ee vläicht e bëssen duerchernee geroden, do war nämlech alles anescht. Dëst Joer ass et erëm wéi gewinnt un de Männer, de Fraen eng Bretzel ze schenken. Dëst mécht een der Traditioun no, fir ze weisen, datt ee frou mat där anerer Persoun ass. Wann d'Madamm dann dës Gefiller deelt, schenkt se hirem Partner da fir Ouschteren en Ouschteree. A Schaltjore gëtt dës Traditioun dann ëmmer ëmgedréint. Dëst ass e Lëtzebuerger Brauch, dee bis haut nach fir vill Léit dozougehéiert.
Fir vill Bäckereien ass dëst e wichtegen Dag. Mir waren zu Schëffleng bei der Patisserie Engel. Hei ginn elo schonn zwou Woche Bretzele gebak an dat ass mat vill Opwand verbonnen. Eng Bretzel fir Bretzelsonndeg muss an der Reegel och schéi verpak ginn, fir datt de Kaddo dann och wierklech gutt ukënnt. De Weekend kommen d’Bäckeren och schonn zwou Stonnen éischter a baken dann tëscht 18 Auer a 4 Auer, fir datt et der dann och genuch fir jidderee ginn. Och d’Vendeusë kommen éischter, fir datt an der Patisserie dann och alles mat Zäite prett ass. D’Victoria Luxen an d’Jill Engel hunn dës Bäckerei am Süden elo am September iwwerholl. Et ass hiren éischte Bretzelsonndeg, dee si als Patronnë musse geréieren a se si schonn e wéineg opgereegt. Iwwer 300 Bretzele ginn Dag fir Dag gedréint, e Bäcker huet se bannent puer Sekonnen och geformt.
Mat engem klenge Laachen huet eis d’Victoria dann och erzielt, datt 60 Prozent vun den aktuelle Commandë vun de Frae selwer kommen. Si géinge sech hir Bretzel reservéieren an e Sonnde kommen d’Männer se da sichen.
Mee egal ob Fra oder Mann, eigentlech spillt d’Geschlecht jo keng Roll an am Joer 2025 kann een einfach där Persoun eng Bretzel schenken, mat där ee frou ass.