"Mir reaniméieren all Dag Jonker"
Duerch dat séiert Agräife vum Erzéiungspersonal huet de Luca seng Häerzattack iwwerlieft. Mat 14 Joer.
D’Daisy Semedo an den Jesse Dos Reis Pereira, déi zwee Educateuren aus dem Déifferdenger Jugendhaus zu Uewerkuer, wäerten de Freideg, 21. Februar vun dësem Joer sou séier net vergiessen.
D’Jugendhaus war grad emol eng Véierelsstonn op, wéi béid Erzéier gefuerdert goufen. De Luca, e Jonke vu 14 Joer, huet wärend dem Futtballspillen en Häerzinfarkt gemaach. "Dem Luca ass et schlecht ginn, hie muss sech iwwerginn", sou koum ee vum Luca senge Kolleegen dem Daisy an dem Jesse Bescheed soen. Séier war deenen zwee kloer, dass et him net gutt goe géif. "De Luca louch um Buedem a konnt mir net op meng Froen äntweren", sou d'Daisy am RTL-Gespréich. Ausserdeem huet hien ugefaangen, sech z’iwwerginn.
Doropshin huet d’Educatrice den 112 kontaktéiert an no Hëllef gefrot. "An Tëschenzäit hat de Luca seng Aen zou", sou d’Daisy. Beim 112 sote se zur Erzéierin, si soll d’Hand op dem Luca säi Bauch leeën a Bescheed ginn, wéini hien otemt.
Daisy hat keen Zäitgefill a konnt net aschätze wéi laang si dem Luca eng Häerzmassage gemaach huet. "Lues a lues huet de Luca erëm geotemt. Ganz komesch geotemt, awer trotzdeem erëm geotemt", sou d'Daisy.
Wéi d’Educatrice d’Reaktioun vun deenen anere Jugendleche bis realiséiert huet - vill Jonker hu gekrasch - gouf hir bewosst, wat grad geschitt war a wat si gemaach huet. "Daisy, du muss dech elo zesummerappen a selwer net och ufänke mat kräische virun deenen aneren", sou huet déi jonk Fra sech selwer gesot.
Bal zwee Méint no dësem Virfall geet et dem Daisy an der ganzer Ekipp, déi Freidegnomëttes am Jugendhaus war, erëm e Stéck besser.
Wärend d'Daisy sech ëm de Luca gekëmmert huet, huet den zweeten Educateur, den Jesse, sech ëm déi aner Jugendlech bekëmmert. Si aus der Hal geholl. "Ech hu gesinn, dass d'Daisy d’Situatioun mam Luca gutt gemeeschtert huet an hu mech dunn ëm déi Jonk gekëmmert, déi d’Situatioun selwer och erlieft hunn. Eng Partie Jugendlecher hunn Emotioune gewisen an ugefaange mat kräischen", sou den Jesse.
De Luca huet duerch déi gutt a séier Reaktioun vum Daisy an Jesse säi Liewe gerett kritt. Hie gouf vun hinnen zwee reaniméiert. Eng Aufgab, déi d’edukativ Ekipp reegelméisseg mécht. Zwar net onbedéngt duerch eng Häerzmassage. "De Luca hu mir esou reaniméiert, déi aner Jugendlech reaniméiere mir op eng aner Manéier", sou de Roberto Traversini, President vun der ASBL Jugendhaus Déifferdeng, am RTL-Gespréich.
E Mëttwoch, den 9. Abrëll goung d’Jugendhaus-Ekipp zesumme mam Luca a senger Mamm eng Pizza op Déifferdeng iessen. Den 20. Mäerz gouf de jonke Mann zu Bréissel am Spidol "Saint-Luc" operéiert. 5 Stonne laang. En Defibrillator huet de Luca agesat kritt. Méindes de 24. Mäerz koum hie mat senger Mamm heem.
"Ech wéilt gären erëm Futtball spillen, däerf awer nach net", sou erzielt de Luca wärend dem Iessen. "Et ass schwéier gedëlleg ze bleiwen. Bis den 23. Abrëll däerf ech mol sécher nach kee Sport maachen. [...] Ech fille mech gutt", sou de Luca weider.
"Elo wärend der Schoulvakanz ginn ech an d’Jugendhaus. Bal all Dag". Ier de 14 Joer alen Déifferdenger nees e Ball rennen däerf, mussen nach Tester vum Häerz gemaach ginn.
De Luca hat e Schutzengel. Dëst a Form vum Déifferdenger Erzéierpersonal. Elo brauch hien nach Gedold. "Déi hunn ech net", sou e ganz éierleche Jugendlechen.